Laang Fanger an ee séissen Zant huet e Méindeg eng 24 Joer al Fra bewisen, wou si am niedersächseschen Bad Bentheim mat geklautem Schockela erwëscht gouf. 

D'Police war Nomëttes an ee Supermarché an den Asaz geruff, wou déi jonk Fra probéiert hat, Schockela am Wäert vu ronn 600 Euro matgoen ze loossen. Si hat d'Schockelastabletten an enger Täsch verstoppt, déi si matbruecht hat an huet probéiert, sech domat laanscht d'Keess ze schläichen. Dat ass allerdéngs no hanne lassgaangen - si gouf vun der Police gepëtzt.

Nodeems d'Police hir Personalien opgeholl hat an de polizeileche Prozess ofgeschloss war, hunn d'Beamten d'Fra nees goe gelooss. Dat war awer nach laang net den Enn vun der Geschicht.

D'Beamten hu gesinn, wéi d'Fra bei een Auto gaangen ass, am deem schonn eng Persoun gewaart huet. d'Polizisten hu sech doropshin zu enger Kontroll vum Won beschloss. Den Auto war fir d'Beamten eppes wéi een Iwwerraschungsee; net nëmme waren divers Hygiènesproduiten am Won, ma och eng 113 Kilo Schockela vun de Marke Lindt a Milka. Déi lecker Wuer gouf saiséiert an et gëtt elo iwwerpréift, wou d'Tabletten hierkoumen.

An hirem Policerapport schreiwen déi verantwortlech Beamten : "Heiansdo fënnt d'Police eeben net just Drogen oder Alkohol - ma och e ganze Koup Séisses! Et ass e Fall, deen trotz sengem kuriéise Charakter weist: An engem Buttek ze klauen ass kee Kavaléiersdelikt." D'Police sicht am Fall elo no Leit, déi weider Informatioune kënne ginn.