Der Police vu Berlin ass e Coup gelonge géint déi sougenannte "Klimakleber".

D'Berliner Police huet e Méindeg bei Klimaaktivisten am Ganze 644 Fläsche mat staarkem Koll entdeckt an dëse "gefahrenabwehrrechtlich" saiséiert. E Grupp vu sechs Persoune war an der Nuecht gesi ginn, wéi si verdächtegt Equipement an eng Camionnette gelueden haten.

Séchergestallt goufen:

644 Fläsche Sekundenkleber
32 Päck Tapéitepap
80 Faarf-Spraydousen
7 Faarfeemeren
10 Pinselen
1 Transparent (10x15 Meter)
Eng Rei Schlässer a Ketten, a Säck mat Sand dran

Strofdote goufen awer net festgestallt an d'Persoune entlooss, nodeems hir perséinlech Donnéeën opgeholl gi waren.