Schlagfäerdege Poopst mat onerwaarter Äntwert

© Filippo MONTEFORTE / AFP
De Poopst Leo XIV. ass agefleeschte Baseballfan a Supporter vun den Chicago White Sox. Dat krut e Gleewegen op der Péitersplaz ze spieren.
Den éischten US-amerikanesche Pontifex krut bei engem Optrëtt op der Péitersplaz vun engem Gleewegen zougeruff: "Go Cubs!". Gemengt waren domat d'Chicago Cubs, de lokale Rival vum Poopst sengem Liblingsveräin Chicago White Sox. "Han perdido!", huet de Leo XIV. grinsend aus sengem Papamobil zréck geruff. "Si hu verluer".
D'Cubs waren effektiv viru Kuerzem aus de Playoffen ëm den amerikanesche Baseballchampionnat erausgeflunn. Déi schlagfäerdeg Reaktioun vum Chef vun der kathoulescher Kierch huet d'Leit op der Plaz, an och d'White Sox ameséiert, déi de passende Video dozou op de soziale Medie publizéiert hu, mat der Iwwerschrëft "Dat ass eise Poopst":
De Veräin huet de Leo XIV. mat engem Bild a mat engem gerummten Trikot mat der Opschrëft "Pope Leo" an der Nummer 14 an hirem Stadion veréiwegt.

© SCOTT OLSON / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP