82 Joer ale Chauffer schleeft Bekannte 70 Meter mat, ouni et ze mierken
                    © AFP
Déi zwee waren owes zesummen iessen. Um Wee fir Heem krut deen een deen aneren op der Strooss ze paken. Fir den 81 Joer ale Mann koum all Hëllef ze spéit.
Zu Rechberghausen am däitsche Bundesland Baden-Württemberg ass et e Méindeg den Owend zu engem déidlechen Accident komm. No engem gemeinsamen Owesiesse wollt en 82 Joer ale Mann mat sengem Auto Heem fueren, huet dobäi awer säin 81 Joer ale Bekannten op der Strooss erwëscht an dësen, wuel ouni et ze mierken, ronn 70 Meter matgeschleeft. Op engem Parking vun engem Supermarché ass en da stoe bliwwen an ass da beim Aparken nach eemol iwwert d'Affer gerullt.
D'Zeien, déi de Virfall matkrut haten, hunn direkt de Rettungsdéngscht geruff. Allerdéngs ass den 81 Joer ale Mann nach op der Plaz u sengen uerge Blessure gestuerwen. Wéi e Spriecher vun der Police matgedeelt huet, war en Alkoholtest beim 82 Joer ale Chauffer negativ. D'Ermëttlunge lafen.