Duerch eng nei Initiativ sollen déi Superräich an der Schwäiz méi Ierfschaftssteier bezuele mussen. Wie besëtzt do eigentlech wéi vill Geld?

Mat geschätzten 100 Milliarde Franken gëtt 2025 an der Schwäiz esou vill Verméige wéi nach ni virdru verierft. Am Verglach mat 1995 hätt sech de Volume vun den Ierfschafte verdräifacht, sou d'Universitéit vu Lausanne, a géif 12 Prozent vum BIP ausmaachen.

D'Gesamtverméige vun den Top 300 an der Schwäiz louch 2024 bei ronn 833,5 Milliarde Franken, sou de Wirtschaftsmagazin "Bilanz". Och dat ass en neie Rekord. Am Alpeland wunnen 152 Milliardären. Méi wéi d'Hallschent vun den 300 räichste Schwäizer besëtzen also jeeweils méi wéi eng Milliard.

Déi Räichste vun de Räichen

Dobäi gehéiert dem räichste Prozent bal d'Hallschent vum gesamte Verméigen an der Schwäiz. Fir eng Plaz ënnert de 40.000 räichste Schwäizer brauch et laut Bundesamt für Statistik mindestens e Verméige vun 8,5 Millioune Franken. 398.681 Persounen an der Schwäiz hunn op d'mannst 1 Millioun Franken u Privatverméigen.

Dee Räichsten an der Schwäiz ass de Chanel-Ierwe Gérhard Wertheimer, deen zu Genf wunnt. Säi Verméige läit bei 37,5 Milliarde Franken. Zesumme mat sengem Brudder Alain Wertheimer gehéiert him de Chanel-Grupp, deen 2023 en Ëmsaz vu 19,7 Milliarde Franken gemaach hat.

Neie Géigewand fir déi Superräich

Géif déi aktuell a vill diskutéiert Initiativ vun der Juso vum Vollek ugeholl ginn, missten dem Wertheimer seng Ierwen der neier Rechnung no 18,7 Milliarde Franken Ierfschaftssteier bezuelen. Déi éischt 50 Millioune wieren ausgeholl, de Rescht vum Verméige géif mat 50 Prozent versteiert ginn.

Ronn 2.500 Persoune wieren an der Schwäiz direkt vun de Moossname betraff, well se méi wéi 50 Millioune besëtzen. Scho virun 10 Joer war iwwert eng Ierfschaftssteier ofgestëmmt ginn. D'Vollek hat sech deemools mat 71 Prozent kloer dogéint ausgeschwat.

Am Verglach mat anere Länner ass d'Schwäiz e gutt situéiert Land. Laut Caritas liewen do awer och ronn 700.000 Persounen ënner prekäre Verhältnisser a si vun Aarmut betraff.