Joerhonnerten aalt Schëffswrack duerch den Taifun fräigeluecht
© AFP
Am Vietnam gouf ee Joerhonnerten aalt Schëffswrack duerch den Taifun Kalmaegi fräigeluecht.
Dat 17,4 Meter laangt Wrack war schonn am Joer 2023 op der Küst vun Hoi An entdeckt ginn, war duerno awer séier nees iwwerschwemmt. D'Schëff, dat aus massivem Holz gemaach gouf, wier an engem immens gudden Zoustand.
Fir datt et net op en Neits ënnergeet, gëtt elo eng "Noutfall-Ausgruewung" organiséiert. Dat huet den Direkter vum Zenter fir d'Erhale vum Weltkulturerbe zu Hoi An vis-à-vis vun der AFP annoncéiert.
Experte schätzen, datt d'Schëff op dat 14. bis 16. Joerhonnert zeréck geet a schwätze vun enger historescher Decouverte. Deemools war Hoi An eng wichteg Handelsstad, wou een op den Häfe Seid, Keramik a Gewürzer ze kafe krut. D'Alstad vun Hoi An ass och als Weltkulturierwe klasséiert.



