Géift Dir et maachen?All WM-Match kucken an dofir 50.000 Dollar kasséieren

Tom Nols
En Dram fir all Futtballfan? D'Aktioun, un där de Moment zwee Amerikaner deelhuelen, huet just e klengen Hoken.
Wärend enger Futtball-WM ginn um Times Square dacks Matcher gewisen
Wärend enger Futtball-WM ginn um Times Square dacks Matcher gewisen
© ATILGAN OZDIL/Anadolu via AFP

Stellt Iech vir, Dir gitt op eng bequeem Couche gesat, fir allen 104 WM-Matcher ze kucken a kritt dofir och nach 50.000 Dollar. De perfekte WM-Dram? Zwee jonk Amerikaner maachen de Moment genee dat an dierfe sech "Chief World Cup Watcher" nennen.

De Kevin Kotoko an den Austin Franklin hate sech op d'Offer, déi vun enger Online-Plattform fir d'Sich no Aarbechtsplazen annoncéiert gi war, gemellt a sinn duerno an engem Casting vun enger US-amerikanescher Tëleeschaîne fir déi Aufgab ausgewielt ginn.

Et gëtt just eng Konditioun: wärend dem Futtballkucke sëtze si um Times Square zu New York an engem gliesene Container a jidderee kann hinnen dobäi nokucken.

De Kotoko huet a Florida säin Job als Garçon gekënnegt, fir un der aussergewéinlecher Aktioun deelzehuelen. De Franklin ass en Influencer vu Philadelphia a seet, si géife sech bësse fille wéi am Film "Truman Show". Tëscht de Matcher kreéieren déi Zwee Contenue fir d'Sozial Medien a kréien Iessen zerwéiert, dat bei déi jeeweileg Länner passt, déi op der WM spillen. Schlofen dinn d'"Chief World Cup Watchers" ëm den Eck an engem Hotel.

Bis ewell schéngt et kee Problem ze sinn, onerwaart iwwer d'Schëller gekuckt ze kréien. Heiansdo vergiessen de Kevin an den Austin souguer, dass hinne jidderee kann nokucken. Jiddefalls schwätze si de Moment mol nach vum "perfekten Job". Bis d'WM-Finall den 19. Juli ass et awer nach e Stéck...

Back to Top
CIM LOGO