2.800 Leit maache beim Fakelzuch matStad Lëtzebuerg presentéiert Programm fir Nationalfeierdag

Pierre Jans
D'nächst Woch ass Nationalfeierdag. An natierlech gëtt e Méindeg den 22. Juni schonn do rageféiert. D'Stad Lëtzebuerg huet haut hire Programm fir déi zwee Deeg presentéiert.
© Domingos Oliveira / RTL

De Fakelzuch um Virowend vun Nationalfeierdag däerf selbstverständlech net feelen. Déi 2.800 Participantë vum Cortège maachen sech um 21:30 Auer vun der Theaterplaz aus op de Wee.
Gläichzäiteg ginn de Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie um Knuedler vun der Buergermeeschtesch Lydie Polfer an hirem Schäfferot empfaangen.
Fir de Grand-Duc ass um 23 Auer d'Freedefeier vum Pont Adolphe aus. Et dauert eng gutt Véierelsstonn.

Et ass eng déck lass deen Owend an der Stad - och um Glacis op der grousser Bün vun de City Sounds. E Méindeg den Owend trieden do vun 20:30 Auer u sechs Artisten op, ënnert anerem den Nicky Romero.
Op Nationalfeierdag ass nieft dem offizielle Programm an der Philharmonie an dem Te Deum an der Kathedral och d'Spillfest op der Kinnekswiss. An direkt niewendru ginn och d'City Sounds um Glacis op Nationalfeierdag vun 17:30 Auer u weider. Um 18:30 Auer ass et den Optrëtt vum Tali. Highlight ass sécherlech um 21 Auer de Concert vu OneRepublic, fir näischt um Glacis.

Et léisst sech net evitéieren, dass fir de Virowend an op Nationalfeierdag selwer e puer Stroossen an der Stad gespaart sinn. Dofir ginn awer Spezial-Busser fir Aller-Retouren op d'Park'n'Ridë ronderëm den Zentrum organiséiert. An den Tram fiert gréisstendeels ausser um Virowend tëscht 18:45 Auer a kuerz no Hallefnuecht tëscht dem Arrêt Hamilius an der Metzer Plaz. Dat wéinst dem Freedefeier.
All déi Infoe fannt Dir awer och um Site vun der Stad Lëtzebuerg.

Liest hei de komplette Programm vun der Stad Lëtzebuerg fir déi zwee Deeg

Back to Top
CIM LOGO