En Dënschdeg hat déi bekannt Werbeplattform vu Goodyear Statioun zu Metz gemaach. D'Entreprise hat am Ufank op deen Dag och d'Journalisten invitéiert, fir de bekannten Zeppelin, deen zesumme mat der däitscher "Luftschiffbau Zeppelin GmbH" gebaut gouf, ze gesinn an e kuerze Fluch domadder ze maachen. Wéinst de schlechte Wiederkonditioune war dës Virféierung awer op e Mëttwoch de Moie verluecht ginn.
De Blimp gëtt u sech haaptsächlech als Plattform fir Reklamm bei Sporteventer agesat, kann awer och bis zu 12 Passagéier transportéieren. D'Loftschëff ass 75 Meter laang a 17,4 Meter héich, gëtt mat Helium bedriwwen a ka mat enger Vitess vu bis zu 125 Kilometer an der Stonn fléien. Technesch ass et esouguer méiglech, datt de Blimp bis zu 24 Stonnen an der Loft ka bleiwen. Aktuell ginn et véier Goodyear-Loftschëffer, dräi dovu sinn an den USA stationéiert an een an Europa.
Wärend d'Press moies op Metz invitéiert war, fir de Blimp vun e bësse méi no ze gesinn, huet den Zeppelin dann am Nomëtteg seng Tour duerch Europa virugefouert. Start vun der Tour war Le Mans, wou de Blimp de leschte Weekend bei der Iwwerdroung vun der bekannter 24 Stonne Course am Asaz war. Bei senger Tour duerch Europa war d'Loftschëff och iwwert dem Grand-Duché ënnerwee.
Wie wësse wëll, wou den Zeppelin drun ass, kann d'Route um Flightradar poursuivéieren. De Goodyear Blimp huet d'Immatrikulatioun D-LZFN.
Eng éischte Kéier gouf e Prototyp vum Goodyear Blimp 1917 iwwer dem Himmel vun Chicago getest. Zanter 1955 gi se dann net just als Plattform fir Reklamme genotzt, mä och als Antennen, fir Live-Biller ze iwwerdroen, respektiv si mat Kameraen equipéiert, fir Biller aus der Loft ze maachen. Ee vun de gréissten Asätz an den USA war fir de Super Bowl 1967. Sechs Joer drop gouf et den éischten Asaz an Europa bei der Course vu Le Mans.
Ma net just fir esou Evenementer goufen déi verschidde Blimps agesat. D'Columbia war 1989 zu San Francisco fir d'World Series am Baseball an der Loft, wéi e schwéiert Äerdbiewen d'Regioun getraff huet. D'Missioun vum Zeppelin gouf séier eng aner, well dësen als "Aen an der Loft" d'Rettungsekippen um Terrain konnt ënnerstëtzen.
2020 dunn de grousse Retour an Europa an dat nees, wéi sollt et anescht sinn, bei der 24 Stonne Course vu Le Mans, wou en och dono ëmmer nees ze gesi war.
De Goodyear Blimp huet dësen Numm schonn zanter Joerzéngten. Déi aktuell Versiounen awer, déi an Europa an an den USA ënnerwee sinn, si keng Blimpen, mä Zeppelinen. Den Ënnerscheet ass u sech hei ganz einfach:
Den Zeppelin - op Däitsch "Starrluftschiff" - huet e fest Gerüst aus Metall oder Karbon ënnert dem Ballon, deen dann och seng Form behält, och wann de Gas erausgelooss gëtt.
De Blimp - op Däitsch "Prallluftschiff" - huet kee Gerüst an de Ballon gëtt duerch den Drock vum Gas a senger Form gehalen.
Esouwuel de Blimp wéi och den Zeppelin gehéieren awer zu der Kategorie "Loftschëff", dat als Uewerbegrëff fir motoriséiert Loftgefierer, déi ee lenke kann a méi liicht wéi Loft sinn, steet.
De Goodyear Blimp wäert och en Donneschdegowend Sujet am Magasinn op der Tëlee sinn.