Bekannt aus "Top Gear" a "Clarkson's Farm"Brittesche Fernsee-Presentateur Jeremy Clarkson mécht Kriibserkrankung ëffentlech

RTL Lëtzebuerg
De Kriibs wier aggressiv, d'Krankheet wier awer nach an engem fréie Stadium, sou de Clarkson.
Den Jeremy Clarkson um Bord vum Formel-1-Grand-Prix vu Groussbritannien am Juli 2025
Den Jeremy Clarkson um Bord vum Formel-1-Grand-Prix vu Groussbritannien am Juli 2025
© JAKUB PORZYCKI/NurPhoto via AFP

De brittesche Fernsee-Presentateur Jeremy Clarkson ass u Kriibs erkrankt. Dat huet hien an engem Episod vu senger Serie "Clarkson's Farm" annoncéiert.

Et ass net genee gewosst, zanter wéini de fréiere Moderator vun der bekannter Autosemissioun "Top Gear" Kriibs huet. Wéi d'BBC schreift, wier "Clarkson's Farm" vun 2024 bis 2025 gefilmt ginn. Et ass dann och nach net gewosst, ëm wéi eng Zort Kriibs et sech handelt.

Am Episod schwätzt de Clarkson mam Kaleb Cooper a mam Charlie Ireland, déi allebéid reegelméisseg an der Sendung virkommen. Hien erkläert hinnen, dass hien en aggressive Kriibs hätt, an dass dowéinst en Deel vu senger Prostate erausgeholl gi wier. D'Krankheet wier awer nach an engem fréie Stadium.

Back to Top
CIM LOGO