Geféierlech TigermustikenD’Santé iwwerwaacht d'Ausbreedung zu Lëtzebuerg

Olivier Catani
D'Isabelle Mootz an d'Rafaëla Schober vun der Sanitärinspektioun erklären, wéi d'Tigermustiken zu Lëtzebuerg iwwerwaacht an noutfalls och bekämpft ginn.

Netzwierk vu Falen iwwerwaacht Mustike-Aarten

D'Tigermustik ka geféierlech Krankheetserreeger iwwerdroen, dorënner Dengue, Zika, Chikungunya an de West-Nil-Virus. Aus dësem Grond iwwerwaacht d'Santé d'Verbreedung vun de Mustiken am Land a kontrolléiert, ob nei potenziell geféierlech Aarten dobäikommen. D'Falen zéien d'Mustiken un, andeems se de Geroch vun engem Mënsch imitéieren.

Resultater a Preventiounsmoossnamen

Bis Enn Mee goufen nach keng Tigermustiken an de Fale fonnt, mee wéinst dem Klimawandel fille se sech ëmmer méi wuel zu Lëtzebuerg. De Biolog Alexander Weigand vum Naturmusée seet: "Allein die japanische Buschmücke hat sich innerhalb weniger Jahre komplett durch Luxemburg ausgebreitet... bei der asiatischen Tigermücke haben wir jetzt schon zwei, drei Standorte, wo wir sie regelmässig finden." Fir ze evitéieren, dass des invasiv Aarte sech implementéieren, huet d’Santé och scho Bioziden agesat.

Bevëlkerung kann aktiv matmaachen

Zu Lëtzebuerg gouf bis elo nach keng Krankheet duerch eng Tigermustik iwwerdroen. D'Santé rifft d'Leit op, Reewaasserfässer an aner Behälter net opstoen ze loossen. Well verschiddener och Keelt aushale kënnen, soll een am Hierscht ënner Blummendëppe kee Waasser stoe loossen. Op der Moskito-Alert-App kënnen d'Awunner Mustike mellen.

Back to Top
CIM LOGO