Net alles ass erlaabtAm Netz kommentéieren, wat een ni ausschwätze géing

Marie Gales
Hannert dem Computer kann ee sech gutt verstoppen, fir Saachen ze schreiwen, déi een ni ausschwätze géing. Ma och am Netz ass nach laang net alles erlaabt.

D’Sozial Medie sinn eng gutt Plaz, fir vill “Beschass” ze dreiwen. De rezenten Ustouss dofir: D’brittesch Prinzessin Kate, déi net wollt soen, firwat se operéiert gouf. Wéi si dunn dem Drock vun der Ëffentlechkeet noginn huet a sot, datt si Kriibs hätt, hunn dach eng jett Social-Media-User - Promi an och net - missten zréckrudderen.

Esou séier kann ee seng gutt Kannerstuff vergiessen an am Äifer vum Gefecht esou munches schreiwen, wat engem dann duerno leed deet. Hannert engem Computer kann ee sech gutt verstoppen, seet och de Jeff Kaufmann vu Bee Secure, déi esou Hate Speech ganz vill observéieren.

Wat méi emotional, wat besser

Hate Speech: Wat méi emotional, wat besser

Hate Speech an de soziale Medien. Dat ka prominent Leit treffen, awer och ganz einfach Leit, déi a soziale Medien ënnerwee sinn. Firwat léisst ee sech hirappen, fir eppes ze kommentéieren? Beispill eben d’Prinzessin Kate, déi nodeems se näischt wollt soen, awer dunn erzielt huet, datt se Kriibs huet. De Jeff Kaufmann erkläert, firwat et esou einfach ass, hannert dem Computer séier en “Häckchen” oder e “Comment” ze hannerloossen.

“Et steet ee kenger Persoun géintiwwer, et feelt dann iergendwéi eng Verbindung zu där Persoun. En zweete Punkt ass, do komme mir bei d’Social-Media-Plattformen. Et sinn am Fong ëmmer déi, déi am häertste sinn, déi gesäit een op Social Media. Do si mer dann op engem Punkt, wou grad provozéieren, dat déckt Téinen, datt haart sinn och op Social Media vun de Plattforme belount gëtt duerch d’Visibilitéit, duerch d’Reach, duerch d’Opmierksamkeet. An dat kann och sou en Driving-Facteur si fir d’Auteure vun deem Beschass.”

Wat méi räisseresch, wat besser. Dofir funktionéiere Rumeuren op de soziale Medien och esou gutt.

“Do ginn et och Etüden, déi soen, dass wat den Inhalt um Internet, op Social Media méi emotional duergestallt gëtt, wat en och méi oft gedeelt gëtt vun de Leit. An dat ass eppes, wat dann déi Leit hannert deene Bäiträg sech och zu Notze maachen, well fir si jo wierklech och dann eng Intentioun do ass, fir dass d’Leit klicken, well se eeben aus kommerziellen Interessen och en Interêt dorun hunn, dass déi Saache geklickt ginn.”

Doriwwer eraus gëtt dacks emol net de ganze Contenu gekuckt, mä just d’Iwwerschrëft.

“Jo, déi ginn da ganz anschaulech a simplistesch mat enger gewëssener Emotionalitéit duergestallt an dat schaaft einfach Räichwäit a gëtt och gedeelt. Do gëtt et zum Beispill elo esou eng Etüd, déi seet, dass et an déi selwecht Richtung geet, dass 6 vun 10 Leit en Artikel deelen, obschonns se just d’Iwwerschrëft vum Artikel gelies hunn.”

An anere Wierder, et fält een eventuell just op een eran, deen eppes Béises schreift an deen eppes dovun huet, dat esou Inhalter z’erstellen.

“Ech mengen, et muss een och wëssen, wéi funktionéiere Social-Media-Plattformen. Oder wann ee sech elo wierklech just op dee Beschass hei konzentréiert, dat huet jo mat deenen Algorithmen ze dinn. Dat si Programmer oder Coden oder Maschinnen, déi entscheeden, wat eng Persoun ugewise kritt. A mir kennen dat all, ech mengen, du kucks eng Zäitchen um Internet just Geschichten ze fannen iwwer e Kaweechelchen zum Beispill an duerno ass däi Social Media voll mat Kaweechelcher. Do am Hannergrond fléissen esou Donnéeën eran an esou eng Algorithmusmaschinn an déi späizt dann eraus, wat dech do potenziell interesséiert.”

Hate Speech: Internet verstoen

Dat selwecht gëllt dann och fir Texter, déi am Netz stinn, eben elo an eisem Beispill dee vun der brittescher Prinzessin.

“Do gëtt gekuckt, wéi vill Reaktioune kritt en Artikel, also wéi vill Likes kritt en, wéi oft gëtt e geshared. An da gëtt awer och ganz genau gekuckt, wéi vill där Smileye kritt. Déi kenne mer och all, et gëtt dee Smiley, dee laacht, et gëtt d’Häerz, et gëtt deen, dee rosen ass. An do ass effektiv esou gewiescht, dat gouf och do wierklech bewisen, dass déi Bäiträg, déi emotional am meeschten opgeluecht waren, also déi, déi meeschte béis Smileyen zum Beispill kritt hunn, dass déi prozentual méi Leit ugewise goufen, wéi déi, déi manner där Reaktioune kritt hunn. Dat heescht, deen am häertste jäizt, dee kritt seng Reach a Visibilitéit um Internet a grad op Social-Media-Plattformen. Dat gëtt dann och nach gefërdert duerch d’Algorithmen.”

Wann ee sech awer géing Zäit huelen an driwwer nodenken, wat ee kommentéiert, géingen déi meescht um Enn näischt méi schreiwen.

Internet ass kee rechtsfräie Raum

Et sinn also dat Emotionaalt an d’Anonymitéit, eleng hannert dem Computer, déi een dozou verleeden, e Kommentar oder Post ze verfaassen. Op der Strooss géingen déi Mannste sech trauen, engem Friemen eppes un de Kapp ze geheien, ma genee wéi dat fir déi meescht selbstverständlech an enger Gesellschaft ass, ginn et och Verhalensreegelen am Internet, erkläert de Jeff Kaufmann.

“Den Term vun der Netikett: dat sinn u sech Reegelen, déi ee sech gëtt, fir an enger Internetgesellschaft oder Community mateneen ze funktionéieren, also och wéi ee matenee soll kommunizéieren. Ganz graff resuméiert gesot, ass den Haaptmessage: Sidd léif mateneen. Bedenkt hannert all Bildschierm sëtzt e Mënsch. Et liesen aner Leit mat, wat mer vun eis ginn, an och wann en Text bis am Internet ass, da wësse mer dat, dann ass e fort an e kann en Tour maachen, an dat hu mer jo och schonn an der Vergaangenheet bei sëllege Beispiller gesinn, wat dat fir eng Envergure kann huelen.”

Hate Speech: Internet ass kee rechtsfräie Raum

Esou wäit fir de User. Da sinn do awer och nach déi, déi esou Internetsitte verwalten.

“Et ass och duerno wierklech un de Plattformen, un de Bedreiwer vun de Sitten och déi Netikett selwer ze liewen, andeems se de Suivi hale vun de Kommentare bei sech an dann och gegeebenefalls Mesuren einfach huelen, wann e béiswëllege Beschass kënnt oder eng Beleidegung, wann aner Persounen diskriminéiert ginn, do mussen dann och natierlech déi néideg Mesurë getraff ginn.”

An dat ass och net nei: Hate-Speech kann en Nospill kréien, well den Internet ass kee rechtsfräie Raum.

“Ma och an de soziale Medie gëllen dowéinst national Gesetzer, international Gesetzer, Reegelen. Zum Beispill illegal Inhalter, wéi elo Rassismus, Diskriminéierung, sexistesch oder gewaltverherrlechend Beiträg, wou zum Haass oder zur Gewalt opgeruff gëtt. D’selwecht wéi och perséinlech Diffamatiounen, Beleidegungen, dat sinn alles Saachen, déi hei zu Lëtzebuerg an engem Code pénal stinn, déi strofrechtlech relevant sinn an do kënnen dann d’Victimme vun deenen Inhalter natierlech och Gebrauch maachen dovunner an eng Plainte féiere goen.”

Hate Speech: Déi wéineg maache vill zu Onwee

Et sollt een dann och wëssen, datt et eng Minoritéit ass, déi am Internet wéi an de soziale Medie sech de Batti stellt.

“Déi mannste vun eis, si wierklech ganz, ganz proaktiv op Social Media a gi kommentéieren. Dat ass éischter eng Minoritéit. Ech mengen och bei Iech [Umierkung vun der Redaktioun: RTL], wann een elo an d’Kommentarspalte kuckt, wien do schreift, do géif een och sécher feststellen, datt dat oft déi selwecht Leit sinn, mee déi ginn awer gesinn. An dat gëtt gefërdert eeben duerch d’Fonctionnement vun Algorithmen.”

Liest hei d’RTL-Charta, déi d’Netikett fir d’Comments op RTL.lu duerstelltAn duerch déi Algorithme kënne just e puer Leit et fäerdeg bréngen, vill Visibilitéit ze kréien - bewosst oder net bewosst, sief elo mol dohinner gestallt. Mä et kann duergoen, fir dann e puer Meenungen ze beaflossen. D’Algorithme kënnen natierlech och ëmgedréint fir immens positiv Saache genotzt ginn, well dat jo och positiv kann opgeluecht ginn. An dat gëtt et och, wat heescht, et ginn zwou Säite vun der Medail, déi een do muss berécksiichtegen. Leider ass et hautdesdaags esou: ''Good News’’ sinn dacks leider manner interessant.

Am Dschungel “Internet”, dee sech stänneg verännert, ass et awer net ëmmer evident den Duerchbléck ze halen. Bei Bee Secure kritt Dir Recommandatiounen, wéi Dir Iech um Internet ze verhalen hutt, awer och wat Är Rechter am Netz sinn.

Back to Top
CIM LOGO