Kill Plazen ënner Daach sinn de Moment staark gefrot. Deementspriechend hu mir beim Luxembourg City Tourist Office nogefrot, wéi et aktuell mam Undrang an de Kasematten ass. Effektiv wier d'Demande de Moment méi grouss wéi soss wärend dëser Zäit, obwuel se ëm Nationalfeierdag ëmmer gutt besicht wieren, esou d'Mady Lutgen vum Service Marketing, Communication & Press.
Pro Dag kënne 600 Leit an d'Kasematten um Bock eran, an de Péitruss-Kasematte sinn et der an der Woch 900 an de Weekend oder feierdaags 1740 Persounen. Mat ronn 15 Grad ass eng Visitt an de Kasematten an der Péitruss besonnesch erfrëschend. An de Bock-Kasematte sinn et tëscht 24 an 29 Grad.
Vu, datt den Undrang dëser Deeg méi grouss ass, soll ee sech am beschten am Viraus op www.luxembourg-city.com oder am Tourist Office um Knuedler Tickete kafen. Mee och an den Entréeë vu béide Kasematte kritt een Ticketen. Et kann een ëmmer mol spontan kucke goen, sou d'Mady Lutgen.
Op wéi eng Plaze gitt Dir, fir Iech ofzekillen an der Hëtzt aus de Féiss ze goen?
Sot eis et hei drënner an de Comments a mir gi fir Iech dohi kucken!