Géint Virgoen am Iran-KrichTrump schockéiert iwwer Vott vun US-Senat bei "War Power Resolution"

AFP, iwwersat vun RTL
Nom Representantenhaus huet och den US-Senat fir eng Beschränkung vum Pouvoir vum Donald Trump am Iran-Krich gestëmmt. Och wann d'Ofstëmmung keen Afloss huet, ass et en Zeeche vun Onmutt.
Erneute Niederlage für US-Präsident Donald Trump im Kongress: Rund drei Wochen nach dem Repräsentantenhaus hat am Dienstag auch der Senat in Washington für ein Ende des Iran-Kriegs gestimmt.
Och den US-Senat stellt sech géint d'Virgoe vum Donald Trump am Iran-Krich.
© AFP

Weider Néierlag fir den US-President Donald Trump am Kongress: Ronn dräi Wochen nom Representantenhaus huet en Dënschdeg och de Senat zu Washington fir en Enn vum Iran-Krich gestëmmt. Obwuel de Vott keen Afloss huet, war den Trump schockéiert: D'Ofstëmmung wier "schlecht getimed" a géing d'Verhandlunge mam Iran méi schwéier maachen, esou den US-President.

Am Ganzen hu 50 Senateure fir d'Beschränkung vum Trump sengem Pouvoir am Iran-Krich gestëmmt, 48 hunn dogéint gestëmmt. Nieft den oppositionellen Demokraten, wéi de Vott ugefrot haten, hate sech och véier Republikaner géint den eegene President gestallt.

Déi sougenannt "War Power Resolution" ass en Ausdrock fir den Onmutt am Kongress. Den Trump hat de Militärasaz géint den Iran Enn Februar ouni parlamentareschen Accord ordonéiert. Der US-Verfassung no hutt de Kongress "de Pouvoir (...), Krich z'erklären". Déi elo gestëmmte Resolutioun huet awer kee wierklechen Afloss a gëllt dowéinst als reng symbolesch.

Den Trump huet d'Decisioun vum Senat kritiséiert. Wuel an Uspillung op e Boxkampf, huet hien a sengem Onlinedéngscht Truth Social geschriwwen: "Ech hunn den Iran also an de Seeler, kuerz virum K.o. ... an den US-Senat huet eng schlecht getimed a bedeitungslos Ofstëmmung decidéiert." Dat hätt seng Aufgab méi schwéier gemaach. "Mä ech wäert se op déi eng oder aner Aart a Weis op en Enn bréngen - well ech bréngen d'Saachen ëmmer op en Enn", sou den Trump.

Hien hat de Vott scho viru Wochen als "onpatriotesch" verurteelt an dem Kongress reprochéiert, déi lafend Verhandlunge mat Teheran ze behënneren.

Back to Top
CIM LOGO