Trotz geopoliteschen TensiounenLego huet dat lescht Joer e Rekordprofit gemaach

AFP, iwwersat vun RTL
An engem Interview mat der AFP schwätzt de CEO vu Lego vun engem "fantastesche Joer"
Lego war natierlech och op der Foire fir Spillsaachen zu Nürnberg am Januar 2026 vertrueden.
Lego war natierlech och op der Foire fir Spillsaachen zu Nürnberg am Januar 2026 vertrueden.
© DANIEL KARMANN/dpa Picture-Alliance via AFP

Déi dänesch Firma Lego, de weltwäit gréisste Produzent vu Spillsaachen, huet en Dënschdeg matgedeelt, datt een 2025 e Rekordprofit konnt realiséieren an dat trotz de weltwäiten Tensiounen.

Dat lescht Joer ass de Netto Benefice vu Lego ëm 21 Prozent geklommen op 16,7 Milliarde Krounen, ronn 2,22 Milliarden Euro. Et ass deen héchsten Nettobenefice, deen d’Entreprise jee realiséiert huet. De Chiffre d’Affaire gëtt mat 11,18 Milliarden Euro chiffréiert, e Plus vun 12 Prozent.

Ech géif net soen, datt d’Volatilitéit an alles dat, wat (op der Welt) passéiert, keen Impakt op eis huet. Mä ech mengen, datt mir esou eng Dynamik, wéi mir Maartundeeler op eng Aart gewannen, déi et eis erméiglecht, trotzdeem ze wuessen”, esou de CEO vu Lego Niels Christiansen am Gespréich mat der AFP.

Wann d’Pëtrolspräisser klammen, ass et duerchaus méiglech, datt och d’Käschte vu eiser Matière Première klammen. A wann d’Verbraucher dann nervös ginn, hu si d’Tendenz, e bësse manner oder e bësse méi lues hir Suen auszeginn”. Ma, “u sech ännert dat näischt: “wann Dir et fäerdeg bréngt, Maartundeeler ze gewannen, kënnt dir op eng Aart verschidden negativ Aspekter kompenséieren”, esou de CEO vu Lego.

Lego annoncéiert Rekord-Profit
2025 huet Lego esou vill Ëmsaz gemaach, wéi nach ni an der Geschicht vun der Entreprise.

D’Verkeef un déi direkt Clienten, ouni Lizenzen also, sinn ëm 16 Prozent um ganze Marché geklommen. Esouguer a China gouf et eng Hausse. Hei huet d’Grupp no Jore vun Investissementer nees eng Hausse konnte feststellen. Am leschte Joer huet dem Rapport vu Lego no de weltwäite Maart fir Kannerspillsaachen eng Hausse vu 7 Prozent ze verzeechne gehat.

Lego huet dann och e Rezept fir de Succès. D’Firma, déi vun enger Famill gefouert gëtt, kombinéiert Innovatioun mat Optimisatioun an dat an all hire sechs Fabricken, déi uechtert d’Welt verdeelt sinn.

Mir produzéiere no um Maart an no un de Verbraucher”, esou den Christiansen. Dëst erlaabt der Firma, fir spéit mat der Produktioun unzefänken, “a sou wësse mer, wat grad wierklech gefrot ass”.

Dobäi kommen och nach déi verschidde Partenariater vu Lego, ewéi mat Pokemon oder der FIFA. An och déi technesch Innovatioun hëlleft, fir Clientë fir sech ze gewannen. D’Wuert Lego kënnt iwwregens aus dem dänesche Wierder “leg godt”, wat esou vill wéi “spill gutt” heescht.

Back to Top
CIM LOGO