
D'Karla Gomez an hire Jong Christian sinn d'Besëtzer vun der Gäns Merlin. Si huelen d'Déier mat op Mexiko-City a loossen et do fräi ronderëm lafen. Dobäi huet de Merlin den Trikot vun der mexikanescher Futtballnationalekipp a kleng Strëmp un.
An der Populatioun ass den Untert esou beléift, datt en entretemps als inoffiziellt Maskottche vun der Nationalekipp gëllt. D'Karla hat virdrun och scho Gänsen, d'Bruna an de Waffle, déi bekannt gi waren, awer laang net sou bekannt wéi de Merlin. Hien hätt "eppes Magesches". Sou wéi de berüümte Magier.
