Den Ollie ass e Pookoo, eng Bëschkreatur, déi nawell wéi e Fauldéier ausgesäit, an d’Ivy, e grandiose Villchen. Si sinn eigentlech natierlech Feinden. Nodeems déi zwee duerch eng magesch Planz hir Kierper tauschen, musse si zesummeschaffen, fir de Fluch réckgängeg ze maachen. Op hirer Rees léieren déi zwee net nëmmen d’Liewe vum anere besser kennen an ze verstoen, mee och d‘Virurteeler an d‘Mëssverständnesser ze iwwerwannen.
Mat Swapped liwwert Netflix eng faarweg an handwierklech nawell impressionnant Animatioun. A puncto Narratioun an emotional Déift vun de Personnagen ass Swapped net an de selwechte Sphäre wéi déi legendär Pixar-Animatiounsfilmer Toay Story oder Finding Nemo. Trotzdeem stécht de sympatheschen Duo vun den Haaptprotagonisten an eng flott imaginär an detailléiert Welt ervir. Wat als clever Allegorie iwwer Virurteeler an Zesummeliewen ufänkt, verwandelt sech séier an eng zimmlech klassesch Geschicht ouni grouss Iwwerraschungen. Geschwat ginn d’Personnagen an der originaler englescher Versioun vum rezenten Oscar-Gewënner Michael B. Jordan a vum Juno Temple.