Filmfestival zu CannesFazit vum Joy Hoffmann: Kee vun de markantste Filmer vergiess

Joy Hoffmann
No 22 Filmer war e Samschdeg den Owend d'Zeremonie vun der Präisiwwerreechung zu Cannes. Den Joy Hoffmann mat senger Siicht op de Palmarès-Owend.
D'Palme d'Or um Filmfestival zu Cannes
D'Palme d'Or um Filmfestival zu Cannes
© OLIVIER CHASSIGNOLE/AFP

De Realisateur Pawel Pawlikovsky, nodeems en de Präis vun der "Beschter Mise en Scène" fir säi Film FATHERLAND krut, huet mat Humor bemierkt, "dëst ass eng éischter schlecht Mise en scène"; an effektiv gouf et e puer organisatoresch Caffouillagë wärend der Präisiwwerreechung. Soss awer huet de Jury ënnert der Leedung vum koreanesche Realisateur Park Chan -wook, all déi Filmer priméiert, déi op menger Lëscht, an där vun de meeschte Filmkritiker hei zu Cannes, ganz uewe stoungen - och wann net onbedéngt, an där Reiefolleg, déi ech mir gewënscht hätt.

Fazit vum Filmfestival zu Cannes vum Joy Hoffmann

Dëst gëllt besonnesch fir den excellente franséische Film NOTRE SALUT vum Emanuel Marre iwwert e Fonctionnaire wärend dem Vichy Regime. D'Auszeechnung fir de "Beschten Zenario", ass éischter en Trouschtpräis. Dogéint ass dann awer deen anere resolut politesche Film MINOTAUR vum Russ Andrëi Zviaguintsev zu Recht mam zweete Präis, dem "Grand Prix du Jury", priméiert ginn. De Realisateur huet en oppenen Appell un de Putin geriicht, de Krich an der Ukrain ze stoppen, déi eenzeg eendeiteg politesch Deklaratioun e Samschdeg den Owend zu Cannes.

D'Palme d'Or fir de Film FJORD vum Cristian Mungiu, ee vun de grousse Favoritten, ass dann och voll berechtegt. Et ass schonn dem rumänesche Realisateur seng 2. Palme d'Or. De Film dréit sech ëm eng extrem reliéis konservativ rumänesch Famill, déi an Norwegen lieft, an a Konflikt geréit mat de lokale Servicer vun der Kannerprotektioun.

Soss war den Owend markéiert duerch duebel Präisser, déi all duerchaus vertrietbar sinn. Déi "Bescht männlech Interpretatioun" goung un déi zwee jonk belsch Acteuren am Film COWARD vum Lukas Dhont, déi als travestéiert Zaldoten, d'Truppen am 1. Weltkrich mat Theater Revuen ënnerhalen.

An och ëm Homosexualitéit geet an dräi Libesgeschichten ënnert dem Franquismus, am Film LA BOLA NEGRA. Déi zwee spuenesch Realisateure Javier Calvo a Javier Ambrossi kruten de Präis vun der "Beschter Mise en scène", wéi gesot, zesumme mam FATHERLAND Realisateur Pawel Pawlikovsky.

De "Weiblechen Interpretatiounspräis" gouf och opgedeelt, tëschent den zwou Haaptactricen aus dem japanesche Film SOUDAIN. D'Virginie Efira spillt do eng Direktesch vun engem Altersheem, déi sech mat enger doudkranker Theaterrealisatrice ufrënnt, interpretéiert vun der Japanerin Tao Okamoto.

Eenzeg richteg Iwwerraschung am Palmarès war den däitsche Film DAS GETRÄUMTE ABENTEUER vun der Valeska Grisebach iwwert eng däitsch Archeologin, déi op der Grenz tëschent Bulgarien an der Tierkei sech géint lokal Mafiae wiert. Bezeechnend, dass däitsch Filmer, genau wéi d'lescht Joer, net op Berlin, mee op Cannes hir Präisser siche ginn.

Fazit um Enn: en éischter gudde Festival mat engem Palmarès, an deem kee vun de markantste Filmer vergiess gouf.

Back to Top
CIM LOGO