Eng Première fir LëtzebuergOp der Toodlermillen bedreift de Staat elo ee Camping

Marc Hoscheid
Och wann et de Moment nach ganz roueg um Site ass, hoffen déi Responsabel, datt sech dat schonn dëse Summer ännere wäert. Vum Hierscht u sollen eng Partie Moderniséierungsaarbechten ulafen.
© Marc Hoscheid
Op der Toodlermillen bedreift de Staat elo ee Camping
Och wann et de Moment nach ganz roueg um Site ass, hoffen déi Responsabel, datt sech dat schonn dëse Summer ännere wäert.

Zanter e Méindeg ass de Camping op der Toodlermillen an der Gemeng Esch-Sauer nees op, dat nodeems en déi lescht zwee Joer zou war. Grouss Changementer gëtt et bis elo duerch de Wiessel vum Proprietär nach net, ma et solle sech awer eng Partie Saachen änneren. Interessant ass virop, datt et deen éischte Camping am Land ass, deen elo vum Staat bedriwwe gëtt.

Opkaf Toodlermillen - Reportage Marc Hoscheid

Am Fong ass jo ideaalt Campingwieder, ma am Moment ass de Site op der Toodlermillen, deen direkt un der Sauer läit, awer zimmlech eidel. En Donneschdeg de Moie war weder een Zelt, nach eng Roulotte oder ee Camper ze gesinn, just véier Belsch Motocyliste sinn op eemol bäigefuer, fir am klenge Bistro eppes ze drénken. Dobäi huet een duerchaus eppes ze bidden, wéi d'Martine Backendorf erkläert. Si ass Responsabel fir de Marketing an d'Kommunikatioun bei der ASBL vun de Jugendherbergen, kuerz AJL, déi de Camping elo bedreift.

"Mir hunn hei 120 Stellplaze fir 360 Leit, dann hu mer eng Kéier ee Family Camp, wou Individueller a Famillje kënne kommen, da gëtt et een Evasion Camp, dee kënnt awer réischt, am Moment sinn do nach Stellplazen, mee do sollen dat nächst Joer Gîtte kommen, datt mer nach ee bëssi anere Public kënnen unzéien an d'Saison och bëssi verlängere kënnen, datt bei schlechtem Wieder Leit do kënne schlofen. Da gëtt et de Youth Camp, deen och virun allem fir den SNJ ganz wichteg ass."

De Service national de la jeunesse ënnerstëtzt d'AJL virop bei der Koordinatioun an der Logistik, zum Beispill bei Scoutscampen. Datt et aktuell nach roueg ass, géing een net iwwerraschen, vill Leit hätten einfach nach net matkritt, datt de Camping nees op ass. Ma no an no kéimen awer ëmmer méi Reservatioune fir de Summer eran. Fir d' Ouverture e Méindeg waren iwwerdeems e puer Touristen um Site an et haten och eng Partie Leit aus der Géigend de Wee op de Site fonnt an et huet en duerchaus gefall, esou de Gérant vum Camping Dylan Da Silva.

"Mir hate fënnef Minibusser, de Feedback vu verschiddene Leit, déi komm waren, war deen, datt si frou sinn, datt de Camping rëm opgaangen ass a si probéieren, elo rëm méi oft ze kommen. Mir haten een eelere Mann zum Beispill, dee frou war, datt mir de Camping iwwerholl hunn an en net privat ginn ass, datt just Privatleit kënnen drop."

Vum Hierscht u wäerten nach eng Partie Moderniséierungsaarbechten duerchgefouert ginn, virop un de sanitären Anlagen, mee och um Receptiounsberäich an der Terrass. De fréieren Hee-Hotel wäert iwwerdeems net méi opgemaach ginn, dat an éischter Linn wéinst der Brandgefor. D'Gebai wäert awer op alle Fall stoe bleiwen a kéint deemno wéi fir Aktivitéite mat Schoulklasse genotzt ginn. Datt de Staat elo ee Camping bedreift, kéint jo alt emol zum Reproche vun der Concurrence déloyale féieren. Ma bis elo huet een der Martine Backendorf no awer nach keen negative Feedback kritt.

"Selwer hu mer nach näischt héieren. Mir wäerte lo och eng Demande stellen, fir Member an der Camprilux ze ginn. Einfach fir ze weisen, mir wëlle mat iech zesummeschaffen, mir hu souwisou schonn eng gutt Zesummenaarbecht mam ganze Secteur vum Hebergement. An d'Präisser ginn net vum Staat bestëmmt, déi bestëmme mir a mir kucken do, datt mer eis natierlech bëssi ugläichen un all déi aner Campinger, déi et hei am Land gëtt. Fir datt d'Leit net ze vill awer och net ze wéineg bezuelen."

An apropos Suen, well net kloer ass, wéi séier den neie Camping vun de Leit ugeholl wäert ginn, ass an engem Accord de partenariat tëscht dem SNJ an der AJL virgesinn, datt den SNJ dëst Joer ee méiglechen Defizit vu maximal 100.000 Euro an dat nächst Joer vu bis zu 125.000 Euro iwwerhuele géing. Vun 2028 u kéint de Montant adaptéiert ginn.

A wat de Kafpräis ugeet, huet de Staat dem viregte Proprietär, engem Bauer, deem säin Haff direkt nieft dem Camping läit, 2,6 Milliounen Euro bezuelt.

Back to Top
CIM LOGO