
Quasi säi ganzt Liewen huet de Britt doran investéiert, dem Mënsch d'Natur nees méi no ze bréngen. Virun allem seng Trilogie "Life on Earth" (1979), "The Living Planet" (1984) an "Trials of Life" (1990) hunn hie bekannt gemaach. Millioune Leit hunn dem David Attenborough seng Dokumentatioune gesinn a seng Passioun ass ustiechend. Och am héijen Alter, no enger Karriär vun iwwer 70 Joer, mécht den Naturwëssenschaftler voller Iwwerzeegung weider.
De Sir David Attenborough gouf den 8. Mee 1926 - also genee virun 100 Joer - als mëttelste vun dräi Bridder an der Londoner Borough vun Isleworth gebuer. Scho fréi koum hie mam akademesche Liewen a Kontakt. Säi Papp war nämlech als Direkter um University College vu Leicester täteg an d'Famill huet um Campus gelieft. Och dem jonken David seng Passioun fir d'Naturwëssenschaften huet sech séier erauskristalliséiert. Als Kand huet hie scho Fossiller, Steng an aner Saachen aus der Natur gesammelt an d'Iddi vun der Conservatioun - datt d'Natur virum Mënsch geschützt muss ginn - huet sech a sengem Denke festgesat.
A senger Tëleeskarriär bei der BBC, déi no senge Studien op der University of Cambridge an de 50er Joren ugefaangen huet, huet hien et ëmmer nees fäerdeg bruecht, dem Public déi dach esou "mënschlech" Charakterzich an der Déierewelt méi no ze bréngen. Onvergiess sinn zu Beispill d'Zeenen aus de spéide 70er Joren, wou hien am Ruanda mat jonke Bierggorillae gespillt huet, oder wou hien den Teamwork vun enger Rei vun Orca-Walen dokumentéiert huet, déi an der Grupp bei der Juegd op Robbe genuch Welle gemaach hunn, fir eng déck Äisscholl ze briechen.
Ma och d'Geschicht vum "einsamen George", der leschter Pinta-Island-Schildkröt, huet 2012 de Public beweegt a kloer gemaach, wéi fragil den natierlechen Ökosystem wierklech ass. Den deemools 86 Joer alen Attenborough sot iwwert den George: "Hien ass ronn 80 Joer al a gëtt e bësse quiitscheg an de Gelenker - genee wéi ech och." Just zwou Wochen no den Dréiaarbechten ass den George gestuerwen a seng Spezies ass domat offiziell ausgestuerwen.
Dem David Attenborough seng Empathie fir d'Welt ronderëm sech a seng ustiechend Passioun fir d'Déieren, mat deene mir eise Planéit deelen, hunn de Britt am eegene Land zu engem "National Treasure" gemaach, ma och weltwäit gëtt hien zelebréiert. D'Kinnigin Elisabeth II, déi den David Attenborough 1985 an de Ritteruerden erhuewen hat, huet de Grond fir seng Beléiftheet 2019 op de Punkt bruecht, wou si iwwert hire liewenslaange Frënd sot: "Deng Fäegkeet, d'Schéinheet a Fragilitéit vun eiser natierlecher Ëmwelt ze kommunizéieren, bleift onerreecht."
Der Kinnigin Elisabeth an dem Sir David Attenborough, allen zwee Joergang 1926, hir besonnesch Relatioun war och am Documentaire "The Queen's Green Planet" (2018) ze gesinn, an deem si sech zesummegedoen hunn, fir d'Protektioun vun de Bëscher international ze stäerken.