
De Mann war am Summer 2024 mat senger Famill op enger Pauschalrees vun iwwer 7.000 Euro. Dem Geriicht zu Hannover no waren d’Ligestill all Moies scho vu 6 Auer u besat, obwuel dat géint d’Reegele vum Hotel verstouss huet.
Den Tourist huet sech beim Hotel a beim Reesorganisateur beschwéiert, mee et wier näischt dogéint gemaach ginn. Doduerch konnt seng Famill dacks keng Ligestill kréien, fir sech kënne beim Pool z’entspanen.
D’Geriicht huet decidéiert, datt bei esou enger Vakanz genuch Ligestill fir d'Leit missten disponibel sinn. De Mann krut dofir 986,70 Euro zeréck, also ronn 15 Prozent vum Präis vun der Rees.