Eng 150 Syrerinnen hunn an der Géigend vun Damaskus als éischt Absolventinnen déi nei Policeschoul fir Fraen a Syrien ofgeschloss. Dat am Kader vun de Beméiunge vun den Autoritéiten, de Sécherheetsapparat vum Land nees opzebauen.
Reie vu Polizistinnen, vun deenen déi meescht ënnert hiren Déngschtmutzen en Hidschab droen, stounge mat Waffen an der Hand fir d’Zeremonie a Rei a Glied. Hei hu si gewisen, wat si déi lescht Jore geléiert hunn.
Eng Generol vun Damaskus huet vum éischte Joergang vu Polizistinne vun engem "neie Syrien" geschwat. Et wier néideg, datt och Fraen am Sécherheetssecteur schaffe géingen an d’Participatioun vu Fraen an alle Beräicher gefërdert géing ginn.