Bekannt duerch "Looksmaxxing"US-Influencer "Clavicular" wéinst Vergewaltegung ugeklot

AFP, iwwersat vun RTL
E bekannten Online-"Looksmaxxer", deen ënnert dem Numm "Clavicular" bekannt ass, ass am US-Bundesstaat Massachusetts wéinst Vergewaltegung ugeklot ginn.
De Braden Peters bei engem Shooting fir d'New York Times
De Braden Peters bei engem Shooting fir d'New York Times
© Cassidy Araiza

De Braden Eric Peters, wéi den 20 Joer ale Mann mat biergerlechem Numm heescht, gëtt beschëllegt, eng Persoun fir Geschlechtsverkéier ënner Drogen an Alkohol gesat ze hunn. D'Virwërf bezéie sech op e 17 Joer aalt Meedchen, deem seng Identitéit net verëffentlecht gëtt. Déi presuméiert Tëschefäll sollen am Mee 2025 am Familljenhaus vum Peters op Cape Cod am Massachusetts geschitt sinn.

Wéinst dräi Delikter ugeklot

De 20 Joer ale Braden Eric Peters muss sech viru Geriicht wéinst Vergewaltegung veräntwerten. An deem Kontext soll hie sengem Affer Drogen oder aner Substanze ginn hunn. Ausserdeem soll hien Alkohol kaf hunn, obwuel hien net al genuch dofir war.

Geriichtsdokumenter no ass seng éischt Verhandlung fir de 14. Oktober virum District Court zu Orleans ugesat.

Eng Foto vum Peters no senger Festnam
Eng Foto vum Peters no senger Festnam
© Fort Lauderdale Sheriff's Office or Broward County Sheriff's Office

Sollt de Peters wéinst Vergewaltegung schëlleg gesprach ginn, kéint hien zu 20 Joer Prisong am Bundesstaat verurteelt ginn a misst an e Register fir Sexualstroftäter agedroe ginn.

De Peters huet sech online e grousse Public als "Looksmaxxer" opgebaut.

Wat ass "Looksmaxxing"?

Ënnert "Looksmaxxing" versteet een d'Benotze vun deelweis extreme Methoden, fir dat eegent kierperlecht Ausgesinn ze verbesseren.

"Looksmaxxing"-Influencer sinn Deel vun engem Online-Ëmfeld, dat als "Manosphere" bezeechent gëtt. Si hu sech op de soziale Medien ëmmer méi verbreet a profitéieren dobäi vun den Onsécherheete vu jonke Männer, déi hir kierperlech Attraktivitéit fir Frae wëlle steigeren.

Op TikTok, Instagram a YouTube propagéiere si pseudowëssenschaftlech Methoden, mat deenen een zum Beispill méi voll Lëpsen oder e méi markante Kifer kréie soll. Gläichzäiteg verdénge si Sue mat der Reklamm fir verschidde Produiten.

Back to Top
CIM LOGO