An deene leschten Deeg konnt een se awer och e bësse méi südlech observéieren. Den André Mousset, Kollaborateur an der Sektioun Astro-Physik, huet dat ganzt Phenomen am Naturmusée erkläert. Polarliichter entstinn, wa mam Sonnewand geluede Partikelcher vun der Sonn op Molekülle vun der Atmosphär treffen. Vun der Sonn gëtt reegelméisseg Plasma an de Weltall katapultéiert, allerdéngs ginn et där Sonneneruptiounen all 11 Joer méi an och méi intensiv.
Satellitten, Funk an Navigatiounssystemer kéinte gestéiert ginn, warnt d’NASA. An och GPS, Internet, Fernsee- a Radioiwwerdrounge kéinte betraff sinn. Well d’Sonn awer gutt iwwerwaacht gëtt kann een zimmlech prezis soen, wéini e Sonnestuerm op d’Äerd trefft a fir d’Mënschen ass et keng Gefor, well mir vum Magnéitfeld geschützt sinn.
Doduerch, dass d’Sonn den Ament allgemeng méi aktiv ass, ass d’Chance och dëst Joer zu Lëtzebuerg Polarliichter gesinn méi grouss.