
D’Europäesch Weltraumagence lancéiert d’Ariane Rakéite vum Guiana Space Centre aus, dat ass am Nordweste vu Kourou am franséische Guyana. Dat ass déi eenzeg Plaz op der Welt, vu wou aus Europa onofhängeg zu anere Länner Accès an den All huet. Dat soll sech an Zukunft änneren. A ganz Nordeuropa gëtt et Projete fir Weltraumgaren.

Den Andøya Spaceport soll déi éischt europäesch Lancéierungsplaz fir kleng Satellitte ginn. Esou kënnen haaptsächlech Satellitte fir d’Beobachtung vun der Äerd a Kommunikatiounssatellitten op Orbit bruecht ginn. D’Plaz ass esou gewielt, dass keng bewunnte Gebidder bei engem Lancement missten iwwerflu ginn.
Ma et ginn och nach eng ganz Rei aner Projeten uechter Europa.

Den Thilo Kranz ass responsabel bei der Europäescher Weltraumagence fir d’Entwécklung vun de kommerzielle Lacementsméiglechkeeten an de Weltall. A kennt d’Initiativ, fir privat Weltraumgaren an Europa ze entwéckelen, ganz gutt.
“Was wir im Moment sehen, ist, dass überwiegend im nördlichen Teil Europas eine Reihe von Projekten im Gange sind, neue Weltraumbahnhöfe zu entwickeln und zur Verfügung zu stellen, auf denen dann neue Trägersysteme in der Zukunft auch tatsächlich starten sollen.”
Bis elo ass awer nach kee vun dësen och wierklech operationell an et si bis elo nach keng richteg Lancementer gestart ginn. A ganz Europa gëtt et eng 20 Projeten, déi emol méi oder manner wäit sinn.
Wann een d’Rotatioun vun der Äerd wëll notzen, da misst ee Richtung Oste starten. Wéinst der Situatioun am Noen Osten an an der Ukrain kéint een do zum Beispill de ganzen ëstlechen Deel vun Europa net a betruecht zéien, esou den Thilo Kranz.
“Man muss irgendwie danach schauen, ob ich Bereiche finde, wo ich über unbewohntes Gebiet fliegen kann von Europa aus. Und das macht man am besten nach Norden raus, also praktisch in die polaren Orbits. Und das zeichnet diese Standorte aus, die ausgewählt worden sind.”
Esou eng Startbunn zu Lëtzebuerg wier deemno net realistesch, Mëtteleuropa wier vill ze dicht bewunnt, fir, dass ee vun do aus kéint mat guddem Gewëssen an den All starten, erkläert den Expert.
D’Europäesch Weltraumagence ënnerstëtzt den Ament direkt e puer Startups aus dem “New Space"-Beräich mam Zil, méi onofhängeg vun anere Staaten ze ginn, wann et ëm den Accès an de Weltall geet.
Fir den Thilo Kranz ass eent kloer:
“Es ist von Europäischem Interesse, dass diese Firmen Erfolg haben. Zumindest ausreichende Erfolgschancen, wie sie, ich sag mal, in anderen Regionen auf unserem Planeten auch zur Verfügung stehen. Also zum Beispiel in den USA, aber auch in China oder Indien. Und aus dem Grund hat sich die Europäische Weltraumorganisation entschlossen, wir legen Programme auf, die fördernd diese Projekte in den privaten Firmen begleiten können.”
2024 wier e wichtegt Joer fir d’europäesch Weltraumaktivitéiten. Mat de Rakéitesystemer Vega-C an Ariane-6 hätt ee grouss Kapazitéite fir Material an d’All ze transportéieren. An och éischt Weltraumgarë kéinten an Europa éischt Testflich starte loossen.
