
Fir dës Mass goufe sech zéngdausende Gleeweger zu Roum erwaart. Den traditionelle Seege huet de Poopst um kuerz virun 12 Auer weiderginn. Schonn e Freideg den Owend hate sech ronn 30.000 Leit virum Kollosseum zu Roum versammelt, wou de Poopst d’Kräizwee-Pressessioun op Karfreideg geleet huet.
Déi éischte Kéier zënter 2022 huet de 70 Joer ale Poopst Léo d’Kräiz wärend de Feierlechkeete selwer gedroen. Säi Virgänger de Poopst François huet dëst aus gesondheetleche Grënn déi leschte Kéiere net konnte maachen. 2025 ass hie jo op Ouschterméindeg gestuerwen.
“Méi Hoffnung”. Dozou huet de Poopst Leo de 14. a senger éischter Ouschter-Priedegt op der Péitersplaz opgeruff. Och an der Däischtert kéint eppes Neies keimen, an dat géing fréier oder spéider Friichten droen, esou de Chef vun der kathoulescher Kierch. Op Ouschteren wier et d’Aluedung fir de Bléck ze hiewen an d’Häerzer opzemaachen.