D’Missioun Artemis II erreecht e Méindeg eng decisiv Etapp: d’Crew flitt ronderëm de Mound. Sécher en historeschen Ament a méiglecherweis och en neie Rekord, deen an der Nuecht op en Dënschdeg opgestallt gëtt.
E Méindeg fänkt dee spektakuläersten Deel vun der Missioun un. D’Weltraumkapsel Orion ass e Méindeg de Moien an den Aflossberäich vum Mound komm. Dat heescht vun elo un ass fir d’Kapsel an den Equipage d’Gravitatioun vum Mound méi staark, wéi déi vun der Äerd.
An de nächste Stonne flitt d’Crew op déi hënnescht Säit vum Mound. Do si si am Wäitste vun der Äerd ewech – ronn 370.000 Kilometer. Domadder kéinte si en neien Distanzrekord opstellen. Deen aktuelle Rekord ass nach vun der Apollo 13 aus dem Joer 1970. D’Rees ronderëm de Mound dauert ronn sechs Stonnen.
Wann d’Orion hannert dem Mound verschwënnt, brécht de Kontakt mat der Äerd fir ronn 40 Minutten of. De Mound blockéiert d’Signaler. D’Astronauten erliewen eng Sonnendäischtert aus dem All. Gläichzäiteg gesi si Äerd a Mound zur selwechter Zäit. Nieft dësen aussergewéinleche Momenter ass een awer och gespaant op déi wëssenschaftlech Observatiounen.
U Bord sinn dräi Amerikaner an ee Kanadier. Et ass déi éischt bemannte Moundmissioun zanter 1972. D’Missioun liwwert wichteg Donnéeë fir déi nächst grouss Etappen. Vun 2028 u sollen nämlech nees Astronauten um Mound landen. Artemis II ass domadder e wichtegen Test – an e grousse Schrëtt zeréck op de Mound, an duerno weider op de Mars.