10.000 Euro gewonnenDe Fréderik Mortier gewënnt déi drëtt Staffel vun Take Off

Olivier Catani
An der Finall vun Take Off huet de Fréderik Mortier sech géint d'Ella Wilgé duerchgesat. Dem Schüler aus dem Stater Jongelycée seng Rube Goldberg Maschinn huet e bësse besser funktionéiert, wéi dem Ella seng. An domat gewënnt hien de Geldpräis vun 10.000 Euro.
De Fréderik Mortier gewënnt déi drëtt Staffel vun Take Off
An der Finall vun Take Off huet de Fréderik Mortier sech géint Ella Wilgé duerchgesat.

D’Finall war déi lescht vun iwwer 30 wëssenschaftlechen Challengen, bei deenen d’Kandidaten och ënner Zäitdrock hu missen e kille Kapp behalen. Am Reportage léiere mir de Fréderik e bësse vu senger privater Säit kennen. Hien hëlt eis mat an den Danzsall.

“Wou mer zesumme komm sinn, huet d’Alicia mir gesot, mäi Frënd, dee muss danzen. An da war dat e bëssen esou eng Saach, wou net vill diskutéiert konnt dru ginn.” Am Reportage erzielt de Fréderik och, wéi et fir hien no der Première soll weider goen, wat hien esou cool bei Take Off fonnt huet, a wat e mat den 10.000 Euro Präisgeld maache wëll.


Back to Top
CIM LOGO