Op Iwwerwaachungsvideo festgehalenPäerd a Stéier stiermen Haus vun australeschem Politiker

AFP
Den Andrew Mackay aus Australien huet net schlecht gestaunt, wéi hien owes a seng liicht duerchwullte Stuff komm ass.
Iwwerwaachungsvideo: Päerd a Stéier stiermen Haus vun australeschem Politiker
Den Andrew Mackay aus Australien huet net schlecht gestaunt, wéi hien owes a seng liicht duerchwullt Stuff komm ass.

Op de Soziale Medien huet den Andrew Mackay e Mëttwoch ee Video vu senger Iwwerwaachungskamera gedeelt. Dorop ze gesi sinn ufanks seng zwee Hënn, déi aus eegener Kraaft d’Terrassendier opdrécken an erauslafen. Net laang dauert et, bis e Stéier an duerno och dat éischt Päerd an d’Haus vum australesche Politiker luusse kommen. Bis op e bësse Gewulls hu si awer, zum Gléck fir de Mackay, kee grousse Chaos hannerlooss.

Back to Top
CIM LOGO