Zanter 40 Joer scho geheit de Fëscher Marko Kristic an de Gewässer vum Adriatesche Mier seng Netzer aus. Eng Invasioun vu mediterrane Papageifësch menacéiert elo awer säi Fëschfank.
“Virun ongeféier 15 Joer ass dëse Fësch an déi Regioune vun der südlecher Adria komm. Am Ufank waren der net vill vun hinnen do, awer elo kanns de sécher sinn, dass ëmmer wann s de däin Netz erausgehäis, e puer Papageifësch do sinn. Dat weist am Fong, dass de Fësch sech an de leschte 15 Joer bedeitend fortgeplanzt a sech vollstänneg u seng nei Ëmwelt adaptéiert huet.”
Duerch de Klimawandel an den erhéichte maritimmen Trafic huet sech de Papageifësch an nach 50 weider nei Zorten am Adriatesche Mier verbreet. Déi Eenheemesch vum Duerf Molunat kënnen allerdéngs net vill mam Papageifësch ufänken. An esou gëtt de Marko en och net lass.
“En anere Problem ass, dass wann ech de Fësch fänken, da kann ech de Leit en net verkafen, well d’Leit am Duerf deen neie Fësch net iessen. Si kennen de Fësch net a si wëllen en och net iessen. Si wëllen en net mol probéieren.”
Am nërdlechsten Aarm vum Mëttelmier, der Adria, ginn d’Fëschbestänn enorm zeréck. De Grond dofir ass de Klimawandel, d’Invasioun vun neien Zorten an dat extreemt Fëschen, seet de Fuerscher am Institut fir Meeres- a Küstefuerschung zu Dubrovnik.
“Virun zéng Joer hu vill Leit gesot, dass dech an der Adria näischt ëmbrénge kéint, allerdéngs hu sech d’Zäiten zanterhier geännert. Een Hai kann dech natierlech ëmbréngen, obwuel dat net esou dacks virkënnt. Aktuell gëtt et e Risiko, well zwou verschidden Zorte vu Fësch Potenzial hunn, déidlech ze sinn. Déi gëfteg Stachele vum Feierfësch kënne fir e Mënsch mat enger allergescher Reaktioun geféierlech sinn. Tatsächlech huet sech d’Adria verännert, soudatt een oppasse muss.”
D’Temperatur vum Mëttelmier klëmmt weltwäit am séiersten. Déi nei Fëschzorte kommen duerch d’Erwiermung vun de Gewässer aus dem Roude Mier, iwwer dem Suezkanal an d’Mëttelmier, an esou och an d’Adria. Dat féiert dozou, dass ronn 460 eenheemesch Fëschzorte menacéiert sinn. Vill vun den neie Fëschzorte sinn nämlech Raubdéieren. E Beispill ass déi Blo Krabb. Déi hunn d’Wëssenschaftler aus dem Institut fir Mieresbiologie zu Montenegro als invasiv agestuuft.
“A Gespréicher mat eise Fëscherfrënn hu mer festgestallt, dass et gewëssen Aarte vu Crustacéen, speziell Krabben, manner ginn oder komplett verschwonne sinn. Et gouf esou ee Fall an der Regioun vun der Tivatska Solila, engem speziellen Naturschutzgebitt. Der Grénger Krabb hir Populatioun ass staark zréckgaangen, zanter déi Blo Krabb an dëser Reserv opgedaucht ass. Mir hunn déi Blo Krabb 2017 déi éischte Kéier entdeckt.”
D’Géigend vun der Adria ass just ee vun de Beispiller dofir, wéi de Klimawandel d’Mierer beaflosst.