
Onlinebanking, Onlineshopping, Saache fir d’Aarbecht, Recherchë fir d’Schoul oder einfach d’Kommunikatioun mat Frënn a Famill. Den Internet ass fir déi meescht vun eis net méi aus dem Alldag ewech ze denken.
Eng nei Etüd vun Eurostat weist, datt et 2023 ronn sechs Prozent “Offliner” an Europa gouf. Dat si Mënschen, déi keen Internet notzen, also “offline” liewen.
Am Grand-Duché ass d’Unzuel vun den Offliner relativ niddereg. Esou hu lescht Joer nëmmen 0,41 Prozent vun de Leit zu Lëtzebuerg nach ni den Internet genotzt. Domat si mir op der 31. Plaz vun deenen 32 ausgewielten europäesche Länner, déi an der Statistik opgelëscht sinn.
Op der éischter Plaz, an domat dat Land mat deene meeschten Offliner, ass Kroatien mat 13,65 Prozent. Duerno kënnt d’Tierkei mat 12,88 Prozent a Griicheland mat 12,62 Prozent.
Eis Noperen aus Däitschland stinn op der 20. Plaz. Hei hu 5,06 Prozent vun de Leit tëscht 16 a 74 Joer nach ni den Internet genotzt, also ronn 3,1 Millioune Mënschen. Am gréisste war den Undeel vun den Offliner mat ronn 15 Prozent an der Altersgrupp vun den 65 bis 74 Joer ale Persounen. Bei de Leit tëscht 16 a 44 Joer waren et ëmmerhin nach zwee Prozent, déi den Internet nach ni genotzt hunn.
Viru Lëtzebuerg steet nach Dänemark mat 0,53 Prozent an déi lescht Plaz, hanner Lëtzebuerg, mécht Norwegen mat 0,08 Prozent Offliner.
Weltwäit huet ronn een Drëttel vun der Bevëlkerung keen Accès op den Internet. Dës Donnéeë komme vun enger Schätzung vun der Internationaler Fernmeldeunioun vun de Vereenten Natiounen. 2023 ware ronn 33 Prozent vun der Weltbevëlkerung offline, dat sinn ongeféier 2,6 Milliarde Mënschen.
An Europa, och an de Staaten, déi net zu der Europäescher Unioun gehéieren, an an Amerika ass den Internet méi accessibel, wéi am Recht vun der Welt.