Wéi stitt Dir zum Theema?Méi wéi ee Véierel vun den Elteren an Däitschland fëmmen

AFP, iwwersat vun RTL
D'Nokomme vu Persounen, déi fëmmen, géife méi spéit dacks selwer zu der Zigarett gräifen.
Kanner registréiere scho fréi, wéi eng Haltung hir Eltere géigeniwwer Suchtmëttel anhuelen an imitéieren entspriechend Verhalensmuster.

Engem Sondage no fëmme méi ee Véierel vun den Elteren an Däitschland. Dat geet aus Donnéeë vun der Krankekeess KKH ervir, déi e Méindeg zu Hannover presentéiert goufen. Deemno fëmme 27 Prozent vu Mammen a Pappen Zigaretten, Zigarilloen oder Päifen. 17 Prozent vun hinne souguer all Dag. Befrot goufen 1.005 gesetzlech a privat verséchert Elteren.

76,5 Prozent ginn dobäi un, och Alkohol ze konsuméieren. All zéngten dovunner géif all Dag Béier, Wäin, Cremant oder Héichprozenteges drénken.

"Wann Elteren Alkohol an Tubak konsuméieren, kann dat net nëmmen déi eege Gesondheet, mee och déi kierperlech a séilesch Entwécklung vun hire Kanner staark beaflossen, virun allem, wann an der Presence vun hinne gefëmmt oder gedronk gëtt", esou d'KKH-Psychologin Franziska Klemm. Kanner registréiere scho fréi, wéi eng Haltung hir Eltere géigeniwwer Suchtmëttel anhuelen an imitéieren entspriechend Verhalensmuster.

Esou géif den Nowuess vu Leit, déi fëmmen, méi spéit dacks selwer ufänken ze fëmme, wéi Kanner vun Elteren, déi et net maachen, virun allem wa béid Elterendeeler zu der Zigarett gräifen. Dat selwecht géif der KKH no och fir Alkohol gëllen. Wa Kanner erliewen, datt et normal wier, de Feierowend mat enger Fläsch Béier anzelauden oder den Alldagsstress mat engem Glas Wäin erofzespullen, encouragéiere si warscheinlech dëst Verhalen amplaz konstruktiv Strategië wéi zum Beispill am Ëmgang mat Belaaschtung kennenzeléieren.

Wéi stitt Dir zum Theema "Konsuméieren a Presenz vu Kanner"?

Wann Dir op dëser Plaz kee Formulaire gesitt, läit dat warscheinlech dorunner, datt Dir d'Cookies net acceptéiert hutt.

Back to Top
CIM LOGO