
D’Liza Bertinelli ass Ëmweltingenieurin. Si huet zu Esch-Uelzecht e Projet mat ausgeschafft, deen en Deel vun der Stad méi gréng a foussgänger-frëndlech soll maachen. Si war scho fréi un Architektur an Ingenierie interesséiert. Am Studium an a Stagë hu sech d’Beräicher Ëmwelt a Mobilitéitsplanung als gréisste Passioun erausgestallt. “Wat mech passionéiert, ass am Fong dat mat schafen, matgestalten, kreativ sinn. Also, et ass net e ganz quadrilléierte Beruff wéi vläich t dee vun engem Maschinnebauingenieur oder vun engem Statiker. Mee jo, an der urbaner Planung oder Mobilitéitsplanung kann ee ganz kreativ sinn.”
Als Mobilitéitsplanerin ass si permanent am Echange mat Leit. Politiker, Techniker, Architekten. A begéint dobäi och ëmmer méi dacks Fraen a sougenannte Männerdomäner. «Et kënnt och scho mol ëfters vir, dass mir a Reunioune sëtzen, wou d’ Buergermeeschtesch, d’ Technikerin, d’ Beroderin, d’ Architektin, lauter Frae sinn an dann et opfält op eemol dem eenzege Mann, ah jo, dat ass schonn e bëssen anescht Kéier wéi fréier.»
D’Anne Marmann ass Directrice vun der ASBL Ingénieurs & Scientifiques du Luxembourg. Si setze sech duerfir an, dass Jongen a Meedercher sech fir d’Beruffer am Ingenieursberäich grad wéi an der Wëssenschaft begeeschteren. “De Maschinnebau zum Beispill, dat ass nach ëmmer e Beräich, deen, ech mengen, dee bleift relativ männlech. Vläicht ass dat eppes, wat d’Fraen einfach elo net esou unzitt, mee schonn eleng de Bauingenieur ass eppes, wat wierklech, also wou ëmmer méi Fraen och an déi Richtung ginn.”