
Den 8. Mee 1886 ass déi éischt Coca-Cola iwwer d'Théik gaangen. Den Apdikter Dr. John Pemberton, de Mann, deen d'Gedrénks erfonnt hat, huet virun 140 Joer déi éischt Coca-Cola, déi ursprénglech als Medezin geduecht war, verkaaft – fir 5 Cent a senger Apdikt zu Atlanta am US-Bundesstaat Georgia.
Eng éischt Versioun vum Gedrénks huet Alkohol enthalen. De Pemberton huet d'Formel awer iwwerschafft, nodeems d'Prohibitioun agefouert an Alkohol verbuede gouf. Iwwer d'Joren huet sech dunn d'Roll no an no vu Medezin zum Fräizäitgedrénks hin entwéckelt.
Haut sinn déi rout Coca-Cola-Fläsche weltwäit bekannt, och duerch grouss ugeluechte Sponsoring, zum Beispill bei Sporteventer wéi den Olympesche Spiller oder der Futtball-Weltmeeschterschaft. Och am Marketing-Beräich huet d'Gedrénks ëmmer nees Andréck hannerlooss, wéi zum Beispill duerch déi typesch Coca-Cola-Publicitéite mam Äisbier oder déi mam Santa Claus am roude Gewand.