De Baumwipfelpfad Saarschleife ass eng Platz fir Naturenthusiasten. A bis zu 23 Meter Héischt schlängelt sech de Wee op 1.250 Meter laanscht u spannende Leier- an Erliefnesstatiounen. All Meter féiert Stéck fir Stéck a Richtung vun de Bamkrounen. Opgrond vun der duusser Steigung vu maximal 6% ass de Pad och mat engem Rollstull oder enger Poussette liicht ze befueren. Op dem 42 Meter héischen Aussiichtstuerm, den sech iwwert der Saarschleife an den Himmel schrauft, gëtt ee mat enger spektakulärer Aussiicht belount. Reegelméisseg Féierungen a Veranstaltunge lueden zu enger Entdeckungsrees duerch de Bësch an.

Tipp: Am Summer exklusiv u laangen Donneschdeger de Sonnenënnergang vum Baumwipfelpfad aus erliewen.
 
Loscht op nach mei Erliefnesser an der Natur? Den Abenteuerwald Saarschleife – an onmëttelbarer Entfernung zum Baumwipfelpfad –bitt de Famillen op iwwer 7000 m² vill Fläch fir ze sprangen an ze spillen. Déi circa 25 naturno Spill- a Léierstatiounen wéi Kloterbuergen, Lofttrampolinnen a Seelbunne goufen am Bësch opgebaut an erfreeë grouss a kleng Bësch-Abenteurer.

Méi Informatiounen, Präisser an Ëffnungszäiten