D'Rentrée markéiert dacks en neien Ufank. Et ass den idealen Zäitpunkt, fir iwwer säi Parcours nozedenken, sech nei Ziler ze setzen an a sech selwer ze investéieren. D'Technologien änneren sech, d'Beruffer entwéckelen sech weider an d'Erwaardunge gi méi villfälteg: Et ass indispensabel ginn, seng Kompetenzen auszebauen a weiderzeentwéckelen.

Berufflech Kompetenze ginn allgemeng an zwou Kategorien agedeelt: technesch Kompetenzen (Hard Skills), wéi z. B. d'Beherrschung vun enger Software, d'Benotzung vun digitalen Tools oder d'Schwätze vun enger Friemsprooch, a Verhalenskompetenzen (Soft Skills), wéi z. B. Kommunikatioun, Upassungsfäegkeet u Verännerungen oder Zäitmanagement.

Dës Kompetenze sinn hautdesdaags alleguer wichteg, fir am Beruff virunzekommen, sech erfollegräich ëmzeschoulen oder sech un en neit Aarbechtsëmfeld unzepassen.

Liewenslaangt Léieren erlaabt engem, um Lafenden ze bleiwen, sech neie Méiglechkeeten opzemaachen a seng Zukunft mat Vertrauen opzebauen. Egal ob een a senger Karriär virukommen, d'Richtung wiesselen oder sech einfach nëmmen entfale wëll, d'Weiderbildung ass eppes, dat fir jiddereen zougänglech ass.

Hëllefsmëttel, fir Iech bei Äre Formatiounsdemarchen ze orientéieren

Dir hutt e Projet am Kapp, wësst awer net, wou Dir ufänke sollt?

D'Portal lifelong-learning.lu, dee vum INFPC geréiert gëtt, ass d'Entréesdier, fir d'Weiderbildungsoffer zu Lëtzebuerg ze entdecken. Hei sinn iwwer 13.000 Formatioune recenséiert, déi vu ronn 320 Formatiounsinstituter ugebuede ginn, déi a verschiddene Beräicher wéi Sproochen, IT, Finanzen oder perséinlech a berufflech Entwécklung aktiv sinn.

Dank der fortgeschrattener Sichmaschinn kënnt Dir d'Formatiounen no verschiddene Filteren zortéieren:

  • Formatiounsberäich,
  • Dauer, Unterrechtssprooch, Auerzäiten,
  • viséierten Niveau,
  • agreéiert Formatiounsinstitut,
  • oder Organisatiounsmodus (Presentiel, E-Learning, Blended Learning ...).

Dir kënnt um Portal och no Handwierk oder Beruff sichen, wat ideal ass, fir Formatiounen am Zesummenhang mat enger Funktioun ze fannen. Och eng Sich no Diplomer, déi iwwer de Wee vun der Weiderbildung accessibel sinn, ass méiglech.

Egal, ob Dir e kloer definéiert Zil hutt oder grad eréischt driwwer nodenkt, mat den Tools a Filteren, déi op lifelong-learning.lu ugebuede ginn, fannt Dir séier déi Formatiounen, déi Ärem Profil, Äre Contrainten an Ären Ambitiounen entspriechen.

Hëllefe fir Äre Formatiounsprojet

Well Léieren e perséinlecht Engagement erfuerdert, kënnen d'Bäihëllefe fir d'Weiderbildung Iech bei Ärem Projet ënnerstëtzen: Kompetenzen am Zesummenhang mat Ärer Aktivitéit entwéckelen, de Beruff wiesselen oder an Ärer Karriär virukommen.

Et gi verschidden Hëllefsmoossnamen am Beräich vun der Formatioun, déi u gewësse Bedéngunge gebonne sinn:

  • bezueltem Spezialcongé: individuelle Formatiounscongé, Sproochecongé oder Jugendcongé, fir sech ze forméieren, woubäi d'Remuneratioun iwwerholl gëtt
  • Organisatioun vun der Aarbechtszäit: perséinlecht Amenagement vun der Aarbechtszäit oder Congé sans solde, fir datt de Salarié seng Formatioun a Funktioun vu sengen Aarbechtszäiten an Disponibilitéiten organiséiere kann
  • finanzielle Bäihëllefen: steierlech Ofsetzbarkeet, finanziell Bäihëllefe fir Héichschoulstudien…

Wëllt Dir méi gewuer ginn? An Zesummenaarbecht mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend a mat de Beruffschamberen organiséiert den INFPC Informatiounsveranstaltungen iwwer d'Bäihëllefen am Formatiounsberäich fir Privatpersounen.

Déi nächst Informatiounsveranstaltunge fanne statt:

  • Méindes, den 13. Oktober 2025 op Franséisch (18:00-19:00 Auer)
  • Méindes, den 20. Oktober 2025 op Lëtzebuergesch (18:00-19:00 Auer)

Si ginn als Presentiel-Veranstaltungen organiséiert an am Livestream iwwerdroen. D'Participatioun ass gratis, mat obligatorescher Umeldung op https://www.infpc.lu/seances-d-information/lu#conges-et-aides.