Mobbing – Wat ass dat?

Mobbing huet vill Gesiichter. A Fachkreesser gëtt vu verschiddene Forme vu Mobbing (verbale, soziale, physesche, psychesche, digitale Mobbing), dem Kontext vum Mobbing (bspw. Schoul), der Bezéiung vun de Bedeelegten (vertikal oder horizontal) an der Dauer (systematesche Mobbing oder Geleeënheetsmobbing) ënnerscheet.

Net just duerch Wierder kann eng Persoun ofgewäert, ausgegrenzt a verletzt ginn, och duerch Kierpersprooch, nonverbal Signaler an Handlunge kann een anere verletzt ginn:

Wann de Pierre (12 Joer) an de Schoulhaff kënnt, lafen all seng Klassekomerode fort.

D'Lisa (15 Joer) gëtt all Kéiers um Wee fir op d'Toilette vum Jessica (15 Joer) a vum Amelie (15 Joer) verfollegt a gestouss.

Iwwer d'Sarah (13 Joer) gëtt erzielt, dass hatt scho mat 10 Jongen aus der Klass intim ginn ass an eng „Nacktfoto“ vum Luca (16 Joer) geet grad viral am Netz.

Beim Mobbing entsteet en ongläicht Muechtgewiicht tëschen Täter an Affer, dat ëmmer erëm mëssbraucht gëtt. Et ass besonnesch wichteg ze bemierken, datt d'Aart vu Cybermobbing zu Ausgrenzung, Diskriminéierung a Beleidegunge féiere kann, och ouni Zäit- oder Plazlimitten. Ganz besonnesch déi digital Welt kennt keen Dag-Nuecht-Rhythmus. Verëffentlecht Inhalter verbreeden sech ganz séier a kënnen net einfach erëm geläscht ginn. Esou hält de Mobbing am schoulesche Kontext net um Heemwee vun der Schoul op mee geet weider.

Mobbing a seng ënnerschiddlech Formen – e Prozess

Dacks kënne kleng „Ënnerscheeder“ dozou féieren, dass eng Persoun an de Fokus vun der Opmierksamkeet réckelt.

De Pierre ass nei an der Klass an d'Lisa mëscht gär Hobby-Horsing, wat dozou féiere kann, dass negativ Aussoen iwwer déi Jugendlech gemaach ginn.

Et kann och virkommen, dass dës Persoun vir d'éischt ausgelaacht gëtt. Der Persoun gëtt ee Wuert, een Ausdrock zougeschriwwen (z. B. Den Neien, de Streber…) an ëmmer méi Leit gruppéieren sech ëm dës Persoun a schléissen sech der Dynamik un. Dës Persounen erliewen sech als Grupp an Eenheet, wat dozou féiere kann, dass déi aner Persoun ëmmer méi ausgegrenzt gëtt.

Ufanks gëtt et also e potenzielle „Mobber“ a vill potenziell „Affer“. De Mobber observéiert an test Grenzen. Et gëtt Matleefer – déi Angscht hunn, selwer Affer ze ginn – Unhänger vum Mobber, an och Zuschauer. Méi eng grouss Zuel vu Participanten an de Manktem un Ënnerbriechungen am Prozess féiert schlussendlech zum Ausschloss vum Affer an enger Manifestatioun vun de jeeweilege Rollen.

D'Wierder mussen net onbedéngt negativ oder beleidegend sinn. Si kënne sech och op déi positiv Fäegkeeten oder Stäerkte vun der Persoun bezéien (z.B. gutt Notten), déi duerch d'Aart a Weis wéi den Ausdrock ass, lächerlech gemaach ginn („Du Streber“, mat Laachen).

Mäi Kand gëtt gemobbt – Wat kann ech als Elterendeel maachen?

Verschidde Kanner vertrauen sech hiren Elteren direkt un, well se belaascht aus der Schoul heemkommen.

Anerer ginn awer anescht mam Mobbing ëm, schwätzen nëmme seelen an zéien sech souguer ëmmer méi an der Situatioun zréck. D'Kand schummt sech oder fillt sech ongerechterweis schëlleg, an denkt, datt et ugegraff oder ausgeschloss gëtt, well et e Feeler mëscht oder „anescht“ ass.

Mobbing féiert dacks zu Gefiller vun Hëlleflosegkeet, Muechtlosegkeet an Einsamkeet. De Wee an d'Schoul oder op eng aner Plaz, wou Mobbing stattfënnt, ass mat Onsécherheet an Angscht verbonnen. Och kierperlech Symptomer kënnen optrieden: D'Kand huet Bauchwéi, dofir bleift et dacks doheem a geet net an d'Schoul; et schléift schlecht an/oder huet Albdreem. Am schlëmmste Fall ass d'Selbstvertrauen, d'Selbstwäertgefill an domat seng Psyche sou staark betraff, datt Suicidegedanken opkommen, déi dann zu Impulser an Handlunge féiere kënnen.

Wat kann ech als Elterendeel maachen?

Wann Äert Kand sech Iech schonn uvertraut, verstäerkt dëst Verhalen! Sot him, datt Dir frou sidd, datt et Iech vertraut an datt Dir de Besoin hutt, ze verstoen, wéi et sech fillt. Bitt him Ënnerstëtzung un, andeems Dir opmierksam nolauschtert, Iech Zäit huelt a seng Gefiller eescht huelt.

Dir kënnt Äert Kand och op d'Ënnerstëtzungsméiglechketen vum KJT (Kanner-Jugendtelefon) opmierksam maachen. Sech uvertraue kann hëllefen. Iwwert de KJT huet Äert Kand d'Méiglechkeet, anonym, vertraulech a gratis mat anere jonke Leit ze schwätzen, ze schreiwen oder ze chatten. Weider Informatiounen an den Zougang zu den eenzelne Servicer fannt Dir op der Websäit: www.kjt.lu. Probéiert, net eleng ze handelen; involvéiert Äert Kand aktiv an Är Iwwerleeungen a betruecht zesummen déi positiv an negativ Konsequenze vu méigleche Léisungen.

Frot no Ënnerstëtzung – vun Enseignanten, dem Centre psycho-social et d'accompagnement scolaire (CePAS), oder kontaktéiert den Elterentelefon (anonym, vertraulech, gratis – 8002 4444) fir Berodung an aner Servicer.

A Fäll vu Cybermobbing ass et besonnesch wichteg, Beweiser ze sammelen a Posts ze mellen. An esou Fäll kënnt Dir BEE SECURE telefonesch ënner 8002 1234 oder online (https://www.bee-secure.lu/de/formular-bee-secure-helpline/) kontaktéieren.

Dir kënnt och d'Police informéieren an eng Plainte maachen.

RTL

Mäi Kand mobbt – wat kann ech als Elterendeel maachen?

Et ka vill verschidde Grënn ginn, firwat Kanner gemobbt ginn. Dat selwecht gëllt fir d'Grënn, firwat jonk Leit zu Täter ginn.

D'Striewen no Iwwerleeënheet, Muecht, Mangel un Empathie, aggressiivt an impulsiivt Verhalen, Gefiller vu Benodeelegung, Gruppenzwang, Mangel u Grenzen oder Elterekontroll, souwéi perséinlech Erfarunge mat Gewalt an Ausgrenzung, kënne jonk Leit zum Mobbing féieren. Ongeléist perséinlech Problemer spillen dacks eng Roll.

Seng eege Kanner sou ze gesinn, ka penibel sinn an net mat Ären eegene Wäerter iwwereneestëmmen. D'Tatsaach, datt Äert Kand sou e Verhale weist, ass net onbedéngt en Zeeche vu schlechter Erzéiung!

Wat kann ech als Elterendeel maachen?

Probéiert, mat Ärem Kand ze schwätzen, andeems Dir et frot, wéi d'Verhalen entstanen ass. Et kann och wichteg sinn, Grenze vun dësem Verhalen ze klären a Wäerter ze vermëttelen.

Et ass wichteg, dëst Verhalen net ze bagatelliséieren („Hien mengt et net sou...“). Sidd kloer a setzt Iech géint Ofwäertung, Ausgrenzung a Mobbing an.

Bleift oppe fir Diskussiounen a bezitt wichteg Partner mat an (z.B. d'Schoul). D'Zil ass et, eng Léisung ze fannen, déi fir JIDDEREE funktionéiert.

Als Mobber virun aneren Autoritéiten „demaskéiert“ ze ginn, kann och negativ Gefiller mat sech bréngen (Schimmt, Angscht, Roserei). Et ass wichteg ze betounen, datt de Mobbing elo eriwwer ass, ouni eng aggressiv a strofbar Reaktioun géint den Täter auszeléisen. Erkläert Ärem Kand, datt mir all Feeler maachen an datt eis eege Feeler anzegestoen a Verantwortung dofir ze iwwerhuelen, et gutt maachen oder sech entschëllegen, zu de positiven Eegenschafte gehéieren, déi mir all deelen.

A menger Klass ass Mobbing – wat kann ech als Professionell maachen?

Als Professionell ass et net einfach, e séchert Ëmfeld an der Klass hierzestellen an op déi individuell Bedierfnesser vun de Bedeelegten ze reagéieren. Nieft de Leit, déi am Mobbingprozess bedeelegt sinn, ass et och wichteg, Kontakter op Schoulniveau ze sichen an als Professionell Ënnerstëtzung ze sichen. Net nëmmen déi betraffe Kanner oder d'Klass sinn dacks Deel vum Ganzen, mee och d'Elteren. All dës Saache kënnen ufanks iwwerfuerderend kléngen an dacks en Hindernis duerstellen, fir Mobbing an der Klass aktiv unzegoen.

Wat kann ech als Professionell maachen?

Maacht d'Aen net zou. Ofwäertung, Ausgrenzung a Mobbing sinn en No-Go! Zéckt net, onugepasst Verhalen an der Klass ze ënnerbannen.

Denkt och drun, datt ënner de betraffene Kanner e puer sinn, déi doheem net adäquat ënnerstëtzt ginn a sech dofir an engem stännegen Däiwelskrees tëscht enger kritescher Heem- a Schoulsituatioun befannen.

Schaaft eng Perspektivännerung andeems Dir Kanner a Jugendlecher encouragéiert, sech an de Fall vun der anerer Persoun ze versetzen.

Approchen ewéi den No Blame Approach an de KiVa Preventiounsprogramm bidden eng gutt Orientéierung, besonnesch fir Schoulen, wéi ee mat Mobbing léisungsorientéiert an ouni Strof ëmgoe kann. De finnesche KiVa-Usaz gëtt zu Lëtzebuerg scho benotzt a gouf gutt opgeholl.

D'Affer aus engem stressege Schoulëmfeld erauszehuele sollt déi lescht Méiglechkeet sinn. Léisunge sollten am Viraus an der Schoul entwéckelt ginn.

Dir kënnt och Äert eegent Selbstvertrauen am Ëmgang mat Mobbing opbauen, andeems Dir un entspriechende Formatiounen deelhuelt. Dir kënnt e Formatiounscours iwwer Cybermobbing iwwer d'BEE SECURE Websäit ab Enn vum Joer buchen. Den Institut de Formation de l'éducation nationale (ifen) bitt och Formatiounen iwwer (Cyber)mobbing un.

D'Initiativ „Stop Mobbing“ vum Centre pour le développement socio-émotionnel (CDSE) ass besonnesch hëllefräich fir Aktioune géint Mobbing am Fondamental Secteur z'ënnerstëtzen. Ufroe ginn normalerweis iwwer Enseignantë gestallt.

Keen muss eleng gelooss ginn.

Dëst betrëfft Affer, Täter, Elteren a Professioneller!

An de leschte Joren hu mir vun der KJT (Kanner-Jugendtelefon) vill Kontaktufroen iwwer Mobbing a Cybermobbing kritt (haaptsächlech iwwer d'BEE SECURE Helpline).

Eis Beroder sti Kanner a Jugendlecher iwwer d'Nummer 116111 (LU/FR/DE), d'Online Help (LU/FR/DE/EN) an de Peer-to-Peer Chat Service (LU/FR/DE/EN) ze Verfügung.

Elteren, Professioneller a jiddereen, deen sech ëm e jonke Mënsch Suerge mécht, kann iwwer den Elterentelefon ënnert der Nummer 8002 4444 Ënnerstëtzung kréien.

D'Servicer si gratis, anonym a vertraulech. D'Beroder lauschteren no ouni ze beurteelen, schaffen zesumme fir Léisungen ze fannen a kënnen Iech op Wonsch un aner Servicer weiderverweisen.