En Immobilieprojet ass vill méi wéi nëmmen eng administrativ oder finanziell Demarche. Et ass eng wichteg Etapp déi den Ufank vun engem neie Kapitel duerstellt an d’Resultat vun engem gutt iwwerluechte Projet ass. Zu Lëtzebuerg hunn d’Konditiounen sech an de leschte Joren däitlech verännert, an et ass normal, sech Froen ze stellen. Haut awer weist de Maart eng gewëss Stabilisatioun, d’Zënssätz berouegen sech, an nei Méiglechkeeten entstinn. Ënnert dëse Konditioune kann een säin Immobilieprojet mat Zouversiicht ugoen – virausgesat, et ass ee gutt begleet. Well iwwer d’Zuelen eraus si virun allem Är Wënsch, Är Prioritéiten an Är Situatioun wichteg. Dir sidd net eleng fir all dat ze jongléieren.

En Immobilieprêt, deen sech un Äre Projet upasst

Bei der Banque Raiffeisen wësse mir, datt all Projet an all Situatioun eenzegaarteg ass. Dowéinst gouf eise Produit R-Logement esou entwéckelt dass en Iech bei der Ëmsetzung vun Ärem Projet hëlleft: transparent, flexibel an drop ausgeriicht, sech Äre Besoinen unzepassen – egal ob et ëm de Kaf vun Ärer éischter Wunneng, vun engem Neibau oder ganz einfach vun Ärem neien Doheem geet.

Mat R-Logement profitéiert Dir vun enger flexibeler Finanzéierung, mat festen oder variabelen Zënssätz an enger Lafzäit vu bis zu 30 Joer. Eis Beroder stinn Iech bei der Strukturéierung vum Prêt, dem Zougang zu staatlechen Hëllefen, der Steieroptimiséierung an dem Choix vun de passende Versécherungen zur Säit.

Eng Begleedung, déi den Ënnerscheed mécht

Wat wierklech den Ënnerscheed mécht, sinn net nëmmen d’Konditioune vum Prêt, mee d’Aart a Weis, wéi Dir begleet gitt. Bei der Banque Raiffeisen gleewe mir un d‘Wichtegkeet vun engem perséinleche Berodungsgespréich mat der’Iddi, och wierklech un Ärer Säit ze sinn – fir all Etapp.

Eis Experten am Beräich Immobilieprêt, huelen sech Zäit fir Iech nozelauschteren, Äre Projet, Är Contrainte an Är Wënsch ze verstoen. Si hëllefen Iech, Kloerheet ze kréien an déi richteg Decisiounen ze treffen – ouni Stress oder Drock.

Egal ob Dir nach an der Iwwerleeungsphas sidd oder scho mat verschiddenen Demarchen ugefaangen hutt, Dir kënnt Iech op eng perséinlech Begleedung verloossen, déi  konsequent op all Etapp vun Ärem Finanzéierungsprojet ofgestëmmt ass.

Well en Immobilieprojet net nëmmen eng Fro vu rechne bleift, mee oft e wichtege Liewensmoment ass, verdéngt en d’Opmierksamkeet vun enger Bank, déi Iech kennt a mat Iech de Wee zesumme geet.

A wéi geet et weider?

Äre Projet verdéngt et, virunzekommen – loosst eis also zesummen driwwer schwätzen.

Eis Beroder stinn Iech zur Verfügung an der Agence oder op raiffeisen.lu, fir Iech méi Kloerheet ze ginn… an déi éischt Schrëtt zesummen ze goen.

Dir wëllt méi zu dësem Thema gewuer ginn? Gitt an Är Raiffeisen Agence oder op raiffeisen.lu.