D'Bock-Kasematten: Eng Rees duerch d'Zäit an de Steen!

Verstoppt am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg, bezeien d'Bock-Kasematte vun der geschichtlecher Vergaangenheet vun der Stad a vum Land. Dës beandrockend ënnerierdesch Galerien, déi an de Bockfiels gemeesselt goufen, kënnen op eege Fauscht oder mat engem offizielle Guide vun der Stad Lëtzebuerg entdeckt ginn.
Gebaut vum Joer 1644 un, wärend der spuenescher Herrschaft, waren dës ënnerierdesch Galerien ursprénglech Deel vun engem méi grousse Festungssystem, dee geduecht war, d'Stad ze schützen. Iwwer d'Joerhonnerten hu verschidden europäesch Muechten, dorënner d'Fransousen an d'Éisträicher, un der progressiver Erweiderung vun de Kasematte matgeschafft. Wärend deenen zwee Weltkricher hunn d'Kasematten als Loftschutzbunkeren gedéngt a konnte ronn 35.000 Leit am Fall vu Bombardementer schützen.
Nodeems Lëtzebuerg am Joer 1867 seng Onofhängegkeet kritt huet a fir neutral erkläert gouf, huet d'Festung misse geschleeft ginn, an d'Schéissschaarte vun de Kasematte goufe vergréissert. D'Kasematte sinn Deel vun der Alstad a vun de Festungsanlagen, déi 1994 op d'Lëscht vum UNESCO Weltierwe gesat goufen.
De schéinste „Rocktop“ vun Europa!
D'Bock-Kasematte sinn net nëmmen historesch gesinn eng interessant Plaz; si bidden och immens schéin Aussiichten op d'Stad Lëtzebuerg. Vun den Héichte vum Bockfiels aus kënnen d'Visiteuren den Uelzecht-Dall an déi charmant Quartiere Gronn a Pafendall bewonneren. Dës Vuen si besonnesch schéi géint der Owend, wann den Himmel sech Orange a Rosa fierft.
Fir dëse magesche Moment vum Dag am Beschte kënnen ze genéissen, sinn d'Ouvertureszäite vun de Kasematte verlängert ginn, a bidden domat eng eenzegaarteg Geleeënheet, d'Stad Lëtzebuerg an engem anere Liicht ze gesinn.
Zwou Méiglechkeeten, d'Kasematten ze besichen
Déi flexibelst Manéier, fir an déi ënnerierdesch Gäng vun der Stad Lëtzebuerg anzedauchen, ass en einfachen Ticket ze kafen, deen dem Besicher erlaabt, d'Gäng an d'Galerien op eege Fauscht z'entdecken.
Fir déi, déi eng méi déifgräifend Erfarung sichen, gi reegelméisseg Visite-guidéeën mat passionéierten an erfuerene Guidë vum Luxembourg City Tourist Office (LCTO) organiséiert. Mat enger Grupp vu maximal 20 Visiteure kritt een d'Geschicht vun de Kasematte méi no bruecht. D'Visite dauert eng Stonn, a bitt interessant Ablécker an d'militäresch Strategien, historesch Evenementer an architektonesch Techniken, déi mat de Kasematten ze dinn hunn.
Plangt Äre Besuch vun de Bock-Kasematten
Tickete fir béid Visitte kënnen einfach online op luxembourg-city.com, beim Luxembourg City Tourist Office (30, Place Guillaume II), oder direkt der Entrée vun de Bock-Kasematten (Montée de Clausen) kaf ginn.
Fir Visitte mat Gruppen bitt den LCTO d'Méiglechkeet, eng Visite mat engem perséinleche Guide ze buchen, déi op Ären Zäitplang an Är Sproochpräferenzen zougeschnidde gëtt. Dës personaliséiert Visite ass ideal fir Familljen, Schoulgruppen oder Ausflich vu Betriber an Associatiounen. De Präis läit bei 80€ fir eng Visite vu maximal enger Stonn an 20 Persounen, an dëst op dem Dag, der Auerzäit an der Sprooch vun Ärer Wiel.
Egal ob Dir d'Kasematten op eege Fauscht entdecke wëllt, oder un enger Visite guidée deelhuelt, de Luxembourg City Tourist Office freet sech op äre Besuch!