Der Hamas no ass de Krich an der Gazasträif eriwwer. Et hätt een Zousécherunge vun der US-Regierung, arabesche Vermëttler an der Tierkei kritt.

Duerch dës Zousécherunge wier de Krich an der Gazasträif eriwwer, sot de Chef vun de radikalen Islamisten an der betraffener Regioun. Israel hat hirersäits jo och schonn annoncéiert, datt all déi implizéiert Parteien den Accord fir e Waffestëllstand ënnerschriwwen hätten.

Am Deal wier virgesinn, datt de Grenziwwergang tëscht der Gazasträif an Ägypten zu Rafah a béid Richtunge géif opgoen. Weider géif Israel all déi inhaftéiert palästinensesch Fraen a Kanner fräiloossen. Israel huet sech dozou awer nach net geäussert.

Wéi och schonn Ägypten matgedeelt huet, gesäit dëse Accord och fir, datt Hëllefsgidder an d'Gazasträif sollte gelooss ginn. 152 Camione wieren aktuell dohinner ënnerwee.

Virdrun hate béid Parteien en Accord ënnerschriwwen, deen den éischten Deel vum Friddensplang, deen den US-President Donald Trump proposéiert hat, ëmsetze soll. Esouwuel aus der Gazasträif wéi och aus Israel ass ze héieren, datt vill Bierger sech iwwert dës Annonce freeën. Et hofft een op béide Säite, datt d'Wafferou hält an datt de Chaos an de Krich endlech eriwwer ass.

Ronn zwee Joer huet dës Situatioun tëscht Israel an der radikalislamistescher Hamas ugehalen, nodeem d'Terrororganisatioun de 7. Oktober 2023 Attacken op israeelesch Ziviliste lancéiert hat. Dobäi haten d'Hamas-Kämpfer iwwer 1.200 Mënschen ëmbruecht an der ronn 250 verschleeft. Vun deene wieren der aktuell nach ëmmer 47 an den Hänn vun der Hamas. Israel geet awer dovunner aus, datt der 25 dovu schonn dout sinn.

Wéini d'Geisele fräikommen, ass nach net kloer. Vu béide Säiten heescht et awer, datt dëst ronn 72 Stonnen nodeem d'Wafferou a Kraaft getrueden ass, soll passéieren. Zu deem Zäitpunkt wëll d'Hamas 20 lieweg Geisele fräiloossen an Israel 2.000 Prisonéier.