Kéint sech a Géigend vu franséischer Grenz ophalen
Police sicht no der 15 Joer aler Byanca Salgueiro Carvalho

D'Meedchen, dat am Kannerhaus Gréiwemaacher zu Beidler ugemellt ass, gëtt zanter en Donneschdeg vermësst.
Wéi d'Police an hirer Vermësstemeldung schreift, geet d'Erzéiungspersonal vum Kannerhaus dovunner aus, datt d'Byanca sech am Süde vum Land, méiglecherweis an der Géigend vun der franséischer Grenz ophält. Wien Hiweiser drop huet, wou d'Meedche sech ophale kéint, ass gebieden, sech beim Kommissariat Museldall ze mellen, dat ënnert der Nummer (+352) 244 70 1000 oder per Email op police.museldall@police.etat.lu.
Am meeschte gelies