Véier einfach Iddie fir Ären Interieur méi waarm a gemittlech ze maachen

De Summer geet op en Enn, d’Temperature falen, an et kënnt d’Zäit wou een et sech gären doheem bequeem mécht.
Dat ass de perfekte Moment, fir kleng Upassunge fir sech et méi kuscheleg ze maachen– ouni direkt e groussen Ëmbauprojet unzefänken. E puer gutt gewielte Verännerunge kënne scho vill ausmaachen.

1. Wäermt ënnert de Féiss

Parquet, Kork, Tapis-plain oder Teppecher op Mooss maachen Äre Buedem direkt méi waarm a gemittlech a verpassen Ärer Wunneng och nach en neie Stil. Vill vun dëse Buedembeläg kënnen ouni Problem ob Är besteeënd Plättercher geluecht ginn.

Tipp: Verpasst Ärem Parquet nach virun de Feierdeeg eng kleng Opfrëschung!
Parquet richteg ënnerhalen

2. Isoléieren ouni alles ëmzebauen

Dir musst net direkt d’Fënstere wiesselen. Riddoen aus engem Thermo-Stoff oder Wabenstore wéi Duette® oder Architella® verbesseren d’Isolatioun vun de Fensteren. Manner Energieverloscht, dofir awer méi d’Wuelbefannen am Raum.

Méi Detailer zu desem Thema:
Dat ganzt Joer duerch, déi richteg Temperatur dobannen hunn.

3. Gemittlechkeet mat Stil

Mat Këssen, schéine Stöffter an Teppecher bréngt Dir waarm Akzenter an Äert Doheem. Alles op Mooss – esou passt et genau an Ären Espace a spigelt Äre Stil erëm.

TippWësst Dir wéi Dir en Teppech no Äre Wënsch kënnt maache loossen?

4. Rou a Stil kombinéieren

Oft mengt een, dass akustesch Elementer just fir Büroen oder ëffentlech Raim geduecht sinn. Mä och doheem kennen des ganz nëtzlech sinn. Dekorativ Panneaue reduzéieren de Kaméidi a gesinn dobäi nach flott aus.

Tipp: Loosst Är Vakanzen- oder Familljefoto als akusteschen Tableau ëmsetzen!

An nach e klengen Tipp fir d'Fréijoer?

Bestellt Är Moustiquairen, fir eng Dier, Fënsteren oder Lichschächt elo am Hierscht!! D'Liwwerezäiten sinn net sou lang an sou sidd Dir prett, wann déi éischt waarm Deeg erem do sinn.
Infoen a Videoen  https://www.d-b.lu/fr/stores/moustiquaires

6. Braucht dir Berodung?

Kommt eis besichen an eis Ausstellung zu Eilereng (bei Esch/Alzette) – d’Equipe vum de Buedemleër hëlleft Iech gäre bei Äre Projeten.