"Mir mussen d’Politik vum Här Meisch stoppen"
"Den Här Meisch ass amgaangen eise ganze Schoulsystem, sou wéi mir e kennen, ze zerstéieren", esou d'Kritik vum Fred Keup vun der ADR.
"Mir mussen d’Politik vum Här Meisch stoppen". Dat war ee grousse Message vun der ADR um Donneschdeg de Moien en Vue vun der parlamentarescher Rentrée nächsten Dënschdeg an der Chamber. Donieft kritiséiert d'Partei och d'Ausriichtung vum Budget.
Dee steet nämlech ënnert dem Moto "Matenee wuessen". Schonn am Joer 2000 hätt de Jean-Claude Juncker virum 700.000 Awunner Staat gewarnt. Elo wiere mer bei 680.000. Dofir huet d'ADR iwwerhaapt kee Versteesdemech, schliisslech wier den extreeme Wuesstem un der Origine vun de meeschten Problemer déi mer hei am Land hunn.
De Fraktiounschef Fred Keup: "Den éischten, dat ass de Logementsproblem. Méi Leit, méi deier Wunnengen. Den zweeten ass de Verkéiersproblem: méi Leit, méi Autoen, méi Verkéier. Dann hunn mer natierlech eis Identitéit, eis Kultur, eis Sprooch, déi verschwënnt. Dann hunn mer d'Natur, déi ëmmer méi zoubetonéiert gëtt. Mir haten 1990 fënnef Prozent vun der Fläch déi bebaut war. Haut hu mer 15 Prozent. Parallel hu mer och de Wuesstem, deen net just Räichtum produzéiert, mee mir hunn och am Land ganz vill Leit deenen et net gutt geet, déi aarm sinn trotz dem Wuesstem. An déi leiden dann natierlech duebel. An dann den Infrastruktur-Mangel, dee mer hunn. Et feelt eis u Klinicken, u Schoulen, u Stroossen."
Bei der rezenter Ilres-Ëmfro ass erauskomm, dass d'CSV, wann nächste Sonndeg Wale wieren, 4 Sëtz géing verléieren. 2 Sëtz géinge bei d'ADR goen. Et soll een zwar skeptesch si mat Ëmfroen, mee de Fred Keup erkläert sech déi Wieler-Wanderung esou:
"Op dat elo d’Familljepolitik ass oder d'Sproochepolitik ass, wou d'Leit mierken, dass d'CSV net méi dat ass, wat se war. Dat wat 30 bis 40 Joer do am Walprogramm stoung, dat gëtt iwwer de Koup gehäit. [...] Dann ass et normal, dass Leit dann eben soen, “nee déi wielen ech net méi.” Mir sinn dann natierlech kloer eng Alternativ. Ech mengen, mir sinn déi eenzeg Partei an der Chamber, déi hautdesdaags net lénks ass."
Grad d’Politik déi aktuell am Educatiounsministère gemaach gëtt, ass der ADR een Dar am An.
"Jo mir mussen den Här Meisch stoppen. Den Här Meisch ass ëmgaangen eise ganze Schoulsystem, sou wéi mir e kennen, ze zerstéieren. An eise Gesellschaftsmodell baséiert op eisem Schoulsystem, well et ass do, wou d'Integratioun geschitt, et ass do, wou d'Sprooche geléiert ginn an dat gëtt alles elo op d'Kopp gehäit. Mat ëmmer méi Franséisch an der Spillschoul, Franséisch an de Crèchen, Franséisch an der Beruffsausbildung, Franséisch iwwerall. International Schoulen, hie baut keng normal Lycéeë méi. An elo natierlech d'Alphabetiséierung op Franséisch, déi natierlech wäert dozou féieren, dass mer eis Méisproochegkeet verléieren, dass mer d'Däitscht verléieren, dass mer am Endeffekt och d'Lëtzebuergescht verléieren. Dat heescht, et ass eng Politik vun der Francophoniséierung, déi mer musse stoppen."
Do ass et och den Appell vun der ADR un déi aner Parteien an un d’Gesellschaft, fir Drock op d'Regierung ze maachen. Et soll nämlech nach ëmmer e Virdeel hunn, wann ee Lëtzebuergesch kann. An net een Nodeel, sou de Fred Keup.
Fir déi parlamentaresch Rentrée proposéiert d'ADR donieft d'Zuel vun den Deputéierten an der Chamber z'erhéijen. Et géing ëmmer méi Aarbecht ginn an an de leschte Jore wier just d'Unzuel u Ministeren an d'Luucht gaangen. Do wier d'Proportionalitéit tëscht Exekutiv a Legislativ guer net méi ginn.