Wat wann Dir dëse Summer de Norde vum Land op eng aner Aart a Weis géift (nei)entdecken? Vum 15. bis de 17. August kënnt Dir Iech vum Vëlosummer-Féiwer ustieche loossen a mat Ärem Vëlo iwwer ländlech Stroossen fueren, déi speziell fir Cycliste reservéiert sinn.

Am Kader vun der nationaler Aktioun „Vëlosummer" vum Tourismusministère bitt Iech d’Initiativ VëloViaNorden e laange Vëloswee duerch déi schéi Gemenge Cliärref, Kiischpelt, Ëlwen, Wäiswampech a Wëntger.

Loscht op méi? D’Streck verbënnt sech zu Huldang direkt mat der Vennbahn an erméiglecht Iech eng flott grenziwwerschreidend Vëlosrees tëschent Lëtzebuerg an der Belsch.

De Code de la Route ass zu all Moment anzehalen. D’Stroosse sinn de Cyclisten tëscht 08:00 an 20:00 Auer fir de 15., 16. a 17. August virbehalen. Plangt Är Deplacementer entspriechend a weist Respekt vis-à-vis vun alle Stroossebenotzer.

VëloViaNorden ass eng ideal Geleeënheet fir nohaltegen a rouege Tourismus. Ob mat der Famill, mat Frënn oder eleng – ob mam Vëlo oder mam E-Bike – jiddereen ass wëllkomm.
 
Huelt Iech Zäit fir an engem Duerf en Halt ze maachen, e lokale Produit ze schmaachen oder e wonnerschéine Bléck ze genéissen. Fir all d’Informatiounen zum Trajet, zu de gespaarte Stroossen, zu de Servicer oder Iwwernuechtungsméiglechkeeten, gitt op: www.velovianorden.lu

VëloViaNorden waart op Iech!

https://www.velovianorden.lu