Wat sinn d'Virdeeler, wou leien d'Risiken, brauch et international Reegelen?
Déi Kënschtlech Intelligenz - kuerz K.I. - erlieft den Ament e reegelrechten Hype an ass spéitstens zanter ChatGPT am Bewosstsinn vun de Leit ukomm.
Ma mat der ëmmer méi grousser Integratioun vun der KI an den Alldag, wiisst och d'Suerg vun de Leit, virun negative Konsequenze vum Asaz vun dëser neier Technologie. Rezent hate jo de Grënner vun ChatGPT Sam Altman an den Tech-Milliardär Elon Musk ëffentlech international Reegele fir den Asaz vu KI gefuerdert. D'EU-Parlament hat iwwerdeems e Mëttwoch en éischte Worf fir e Gesetz, dat den Asaz vu Kënschtlecher Intelligenz reegelt, ugeholl.
Ma wat huet et eigentlech mat Kënschtlecher Intelligenz op sech? Wéi funktionéiert dës Technologie, wou kann ee se asetzen, ginn et Risike bei der Notzung, brauch et Reegelen a wa jo, wéi eng? Mir hu mam Dokter Christoph Schommer, deen op der Uni Lëtzebuerg iwwer Kënschtlech Intelligenz fuerscht, iwwer dës Froe geschwat.
Wat versteet een eigentlech ënner Kënstlecher Intelligenz?
Am Prinzip versteet een ënner Kënstlecher Intelligenz d'Fäegkeet, déi kognitiv Fäegkeete vum Mënsch mat Hëllef vu Computerprogrammer ze simuléieren. Dorënner falen zum Beispill d'Fäegkeet ze léieren, ze plangen, logesch Conclusiounen ze zéien oder Objeten ze erkennen. Ma och d'Fro, wéi ee Wëssen ofspäicheren, et also verhale kann, zielt zum Feld vun der Kënstlecher Intelligenz.
Letztendlech wier et d'Zil vun der kënstlecher Intelligenz, déi natierlech Intelligenz ze simuléieren.
Wéi léiert e Computerprogramm?
Bei der Fro, wéi eng K.I. eigentlech léiert, kéint een am Wesentlechen tëscht zwou Richtungen ënnerscheeden. Déi Éischt wier déi vum sougenannte "supervised learning" also engem iwwerwaachte Léieren. Hei gëtt de Programm souzesoe mat Donnéeë confrontéiert, déi am Viraus a Kategorien agedeelt goufen. Op der Basis vun dësen Donnéeë léiert de Programm dann ze abstraéieren a Schlëss ze zéien. Zum Beispill kéint eng Bank enger kënschtlecher Intelligenz Donnéeë vu Cliente ginn, woubäi dës ënnerdeelt wieren a Leit, déi Client bliwwe sinn a Leit, déi d'Bank nees verlooss hunn. Op Basis vun dësen Informatioune kann eng Kënschtlech Intelligenz dann erausfannen, aus wéi enge Grënn Leit, d'Bank verloossen. Dat géif et der Bank deen Ament erlaben, hir Offer esou unzepassen, dass méi Leit Client bleiwen.
Déi zweet Richtung ass déi vum "reinforcement learning". Hei gëtt een enger Kënschtlecher Intelligenz eng Aufgab ze léisen a gëtt hir souzesoen eng Belounung, déi méi héich ass desto besser d'Léisung ass, déi de System fënnt. Dës Belounung, géif de System dozou undreiwen, ëmmer besser Léisungen ze fannen. Mat dëser Method kann een enger Kënschtlecher Intelligenz zum Beispill bäibréngen e Videospill ze spillen.
Wou wäert Kënstlech Intelligenz am Alldag genotzt ginn?
Dem Dokter Schommer no, misst d'Kënschtlech Intelligenz esou agesat ginn, dass se dem Mënsch nëtzt. Eng Manéier, op déi dat an noer Zukunft am Alldag geschéie kéint, wier duerch den Asaz vu sougenannte "wearables". Kënstlech Intelligenz kéint an Zukunft an techneschen Apparater, déi mir am Alldag bei eis hunn, wéi zum Beispill Smartwatches, Tableten a Smartphonen integréiert ginn a kéint eis dann Aufgaben, wéi d'Schreiwe vun Texter oder d'Sichen no Informatiounen um Internet ofhuelen. Dat kéint esouwäit goen, dass Kënschtlech Intelligenz eng Kéier en onverzichtbare Begleeder am Alldag gëtt.
Donieft wäerten Entreprisen an noer Zukunft virun allem déi sougenannten "generative A.I." also Kënschtlech Intelligenz, déi eppes schafe kann, asetzen. Zum Beispill, fir Bedruch opzedecken. An Zukunft géif een net méi waarden, bis et an der Realitéit zu engem Bedruch kënnt, mä et géif een eng Kënschtlech Intelligenz asetzen, fir Bedruchsweeër ze erkennen an déi deementspriechend Precautiounen ze huelen.
Den Afloss vun der Kënschtlecher Intelligenz op d'Aarbechtswelt
Et wier dem Dokter Schommer no och kloer, dass déi Kënschtlech Intelligenz d'Beruffswelt wäert veränneren. D'KI wäert am Aarbechtsalldag op verschiddene Plazen agesat ginn. Dat virun allem an der Produktioun awer och bei einfachen administrativen Aarbechten wéi dem Schreiwe vu Bréiwer. Ma och bei der Fërderung vun den Ugestallte wäert dës Technologie wuel eng Roll spillen.
Et wier dann och wuel esou, dass Aarbechtsplazen sech duerch den Asaz vun der KI änneren oder komplett ewechfalen. Allerdéngs kéint een den Ament nach net soen, wéi eng dat wieren. Wann ee sech awer d'Geschicht vun der Aarbechtswelt géif ukucken, géif ee feststellen, dass et ëmmer nees Beruffer ginn hätt, déi verschwonne wieren, grad ewéi och Beruffer, déi nei entstinn.
Wéi riskant ass d'Notze vu KI a brauch et international Reegelen?
Wat méiglech Risike vum Asaz vun der Kënschtlecher Intelligenz betrëfft, wier et dem Dokter Schommer no esou, dass de Mënsch déi dreiwend Kraaft hannert dem Asaz vun der KI wier. D'Potential, dës Technologie anzesetzen, fir anere Leit ze schueden, fir sécherlech ginn, zum Beispill duerch d'Verbreede vu Fake News.
En anere Wee, op deem d'KI de Mënsche schuede kéint, wier d'Produzéiere vu sougenannten Deep Fakes. Dat ass eng Method, mat där een e Mënsch mat Hëllef vu Kënschtlecher Intelligenz an e Video integréiere kann. Op dës Manéier, kann een aner Leit an engem falsche Liicht duerstellen.
Hei kéint eng Zort Éirekodex hëllefen, an deem festgehale wier, dass een d'KI net notzt, fir anere Mënschen ze schueden.
Eng weider Erausfuerderung wier et, d'Notzung vu Kënschtlecher Intelligenz mam Dateschutz zesummenzebréngen. D'KI-Systemer brauchen nämlech Donnéeën unhand vun deenen se léiere kënnen. Hei misst ee genee kucken, wouhier dës Donnéeë kommen, an ob ee se och fir den Asaz a KI-Systemer notzen dierft.
Eng EU-wäit Reguléierung gesäit den Dokter Schommer iwwerdeems kritesch. Dës géif dem europäesche Marché, laangfristeg gesinn, schueden. D'Entreprisë bräichte Fräiraum, fir Saachen ze entwéckelen. An den USA an a China hätt ee sécherlech eng aner Siicht op d'KI, wéi an Europa a wann een d'KI ze vill géif reguléieren, misst ee mat wirtschaftlechen Nodeeler géigeniwwer dëse Länner rechnen.
E gesellschaftlechen Dialog féieren
Wat et dem Dokter Schommer no awer op jiddwer Fall bräicht, wier e breede gesellschaftlechen Debat iwwer Kënschtlech Intelligenz. Et missten Dialoger gefouert ginn. Dat esouwuel um Niveau vun den Entreprisen, ewéi och mat de Bierger. Dobäi misst d'Technologie hannert der KI oppen duergeluecht ginn. Ausserdeem misst d'Ëffentlechkeet kontinuéierlech iwwer Kënschtlech Intelligenz informéiert gëtt. Aktuell wier et esou, dass Technologie-Entreprisë quasi all Woch nei Systemer op de Maart bréngen. Dat géif mat sech bréngen, dass d'Leit sech net ëmmer am Kloren doriwwer wieren, a wéi enge Beräicher si iwwerall mat KI a Kontakt kommen.
An dësem Zesummenhang missten och méi kritesch Debatte gefouert ginn. Allerdéngs wier et dann och d'Aufgab vun de Leit, sech iwwer Kënschtlech Intelligenz ze informéieren.