"Kënschtlech Intelligenz iwwerhëlt Ären Job!"

D'Luxembourg Confederation huet den ireschen Expert fir d'Verhale vu Konsumenten op e Seminaire um Kierchbierg invitéiert.
Wéi gesäit de Commerce vu muer aus? Déi Fro huet sech d’Luxemburg Confederation gestallt, an dofir och e bekannte Spezialist fir d'Verhale vu Konsumenten invitéiert. De Ken Hughes huet scho grouss Entreprisë wéi Coca-Cola an Ikea beroden a seet ganz kloer: d’Händler musse si wéi d’Taylor Swift an "d' Kënschtlech Intelligenz iwwerhëlt Ären Job."
Dat ass fir de Beroder aus Irland eng logesch Konsequenz vum technologesche Fortschrëtt, ma hie gesäit et als Chance an net als Menace. Déi Entwécklung ze bremsen, wier och guer net méiglech:
"Et muss een e Wee fannen, wou d’KI erapasst. Si muss déi schwéier Aarbecht maachen an de Leit de Réck fräihalen. Déi maachen dat, wat Mënschen nach ëmmer am beschte kënnen: Empathie, sech Këmmeren a Bezéiungen."
Et geet also drëms, d’KI ze benotzen, fir eng besser Relatioun mam Client opzebauen. Et géing drëms, hir Erwaardungen ze verstoen an ze iwwertreffen, e bëssen sou wéi d’Taylor Swift, dat e richtege Fan-Kult huet: "Hatt huet als eenzegt eng Arméi opgebaut, d’Pink huet keng. An dat geet nëmmen esou: Du iwwerraschs d'Leit, hëls un hirem Liewen deel, du léis wierklech Gefiller aus. Fidelitéit zu enger Mark geet nëmmen iwwer Gefiller, wéi bei enger mënschlecher Relatioun."
Wat d’Opbaue vu perséinleche Relatiounen ugeet, do wiere kleng Familljenentreprisen esou guer besser opgestallt, wéi grouss Konzerner, well se méi séier reagéiere kéinten a méi no un hire Clienten druwieren.
E réngen Technologie-Optimist ass de Ken Hughes awer net: Hie géing sech scho Suergen ëm déi méi jonk Generatioun maachen, déi vill Zäit an der digitaler Welt verbréngt. Do wier d’Gefor, dass si net méi léiere, Problemer selwer ze léisen, mä sech réng op d’Technologie verloossen. Ausserdeem géif Kënschtlech Intelligenz sécher och déi eege Kreativitéit beaflossen.
Carlo Thelen: Lëtzebuerg muss erëm méi kompetitiv ginn
Digitalisatioun heescht op der Säit vun den Händler awer och méi Effizienz an am Endeffekt méi Rendement a méi Kompetitivitéit. Dat huet den Direkter vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen en Dënschdeg de Moien ënnerstrach. Dee Plus u Produktivitéit wier dringend néideg, fir d’Erofgoe vun den Aarbechtszäiten an déi héich Käschten ze kompenséieren.
Reegele bräicht et a sengen An zwar schonn, ma déi dierften net zu engem Blockage féieren. Zwar wieren d’Perspektiven no de verschiddene Krisen net esou schlecht: D’Commerçante wieren zu Lëtzebuerg am leschte Semester, esouguer deels méi optimistesch gewiescht, wéi am europäesche Verglach. Allerdéngs wieren d’Previsioune vun der Rentabilitéit zwar e bësse besser wéi d’lescht Joer, mä méi schlecht wéi an anere Secteuren. Dat géing sech op d’Kompetitivitéit auswierken, an do misst Lëtzebuerg nees en Zant bäileeën.