Ob een et erkennt oder net: KI-generéiert Biller ginn ëmmer méi a Reklammen zu Lëtzebuerg benotzt. Wéi gesäit d’Zukunft aus fir kreativ Beruffer?

D’Publicitéitsagence AIxH huet sech am 1535 Creative Hub zu Déifferdeng komplett op KI-Reklammen a Marketing spezialiséiert. Sie loosse KI-Reklamme generéieren, froen se no Iddie fir eng Marketingstrategie ze formuléieren. Si forméieren och Clienten, fir selwer KI fir hir Boîte ze benotzen. Si hunn zum Beispill eng Reklamm fir eng Lëtzebuerger Versécherungsfirma gemaach, déi vu KI an 20 Sproochen iwwersat ginn ass. Sou konnte méi ewéi 95% vun de Bewunner vu Lëtzebuerg adresséiert ginn. Fir de Gregory Camus, Cofondateur vun AixH, funktionéiert KI gutt bei eis am Land.

"L’intégration de l’IA est vraiment énorme au Luxembourg. Au niveau des dispositifs au Luxembourg, on a lancé une grosse campagne avec une agence d'assurances luxembourgeoise, où on a pu communiquer auprès de vingt langues sur le marché luxembourgeois, auprès de toutes petites communautés, chose qui était impossible à faire sans IA puisque parfois on communiquait auprès de communautés de moins de mille personnes."
 
Fir si ass KI awer nëmmen en Outil, et soll keng kreativ Beruffer, mee just repetitiv Aufgaben ersetzen.
 
De Sébastien Steffes, Designer a Gerant vu Molotov Design, gesäit KI fir kreativ Beruffer och als en Zäitgewënn an net als Bedreeung.

"Ech denken [KI] net fir ze remplacéieren, ech denken, den Artist bleift de Kreativen. Den Artist soll nach ëmmer seng Kreativitéit kënnen ausdrécken an ech gesinn de KI méi als Tool, als Méiglechkeet. fir méi ze maachen, fir et aneschters ze maachen, fir vläicht nei Weeër ze probéieren, déi soss technesch oder finanziell net méiglech waren."

En huet allerdéngs och schonn eng schlecht Erfarung mat KI gemaach. Säi Papp, deen Dokter war, gouf no sengem Doud gedeepfaked, fir e Medikament ze promouvéieren. Dat heescht, aus richtegen Interviews mam Här gouf ee Video duerch KI generéiert, an deem et ausgesäit a kléngt, wéi wann hie géing schwätzen. De Sébastien huet dorobshin eng Plainte gemaach.

Verschidde Fotografe fäerten, wéi aner Artisten a visuelle Medien, ëm hire Beruff. Den Daniel Fragroso, Fotograf a President vun Lëtzebuerger Beruffsfotografen, ass awer éischter skeptesch, ob KI-Fotografe vill Problemer wäerte ginn.

"D’Aarbechtsplazen evoluéieren, dat stëmmt. Ob elo Aarbechtsplazen domat verluer ginn, dat weess ech lo net. A wann da wier dat vläicht um Lëtzebuergesche Marché éischter an der Produktfotografie."

Do, wou de Fotograf also nach eng perséinlech Verbindung huet, zu deem, wat e fotograféiert, ass säi Beruff also éischter sécher dem Daniel no. Hien ass der Meenung, et muss ee sech als Artist an de visuelle Beruffer der Evolutioun vum Marché upassen.