62 Milliounen Tonnen un elektroneschem Offall huet d'Welt 2022 produzéiert. Eng Grupp vun argentineschen Tech-Connaisseure wiert sech dogéint.

520.000 Tonnen un elektroneschem Offall huet Argentinien all Joer virzeweisen, sou steet et an engem UN-Rapport aus dem Joer 2024. D'Land ass domat op der traureger fënnefter Platz weltwäit vun de Länner mat dem meeschte E-Waste. Nëmmen d'USA, Brasilien, Mexiko a Kanada produzéiere méi vun dëser moderner Zort vun Dreck.

Cyber Dumpster Divers, also Cyber Drecksbactaucher, nennt sech dat argentinescht Kollektiv, déi et sech zum Zil gemaach hunn, géint dëse Problem ze kämpfen. D'Kollektiv hëlt sech zum Beispill een ale Ventilator a baut doraus eng néi Spillkonsol oder zaubert aus enger Bezuel-Statioun, déi zum Beispill an Restaurante genotzt ginn, fir mat der Kaart ze bezuelen, eng Kamera.

Wéi den Esteban Palladino, Deel vun de Cyber Dumpster Divers, erkläert, geet et net nëmmen dorëms, ale Geräter en neit Liewen ze ginn. "Et ass ee Mouvement mat enger karitativer Säit, enger techno-politescher Säit an och enger spillerescher Säit", erzielt hien.

Déi "techno-politesch Säit" weist sech dann doran, dass sech d'Taucher als Revolutionäre gesinn, déi am Krich géint d'Tech-"Oligarchie" sinn. D'Manifest vun de Cyber Dumpster Divers ass nom Karl Marx sengem Manifest opgebaut an op hire Pouster fënnt sech ee Cyborg Che Guevara, deen och an Argentinien gebuer ass.

D'Kollektiv wëll géint eng Maartlogik rebelléieren, déi séier Saachen als al an net méi ze gebrauchen deklaréiert, mee och Leit hëllefen, an deem si hir nei zesummegebaute Geräter u Leit an Organisatiounen, déi et brauchen, spenden.