Nodeems en neien Testfluch vun der SpaceX-Rakéit Starship 10 fir e Sonndegowend ofgesot gi war, kéint dësen elo e Méindeg den Owend sinn.

Den zéngten Testfluch fir d'SpaceX-Rakéit Starship 10, deen e Sonndeg am US-Bundesstaat Texas hätt sollte sinn, war der US-Raumfaartentreprise no "verréckelt" ginn, well een "Zäit fir d'Behiewe vun engem Problem mat Buedemsystemer gewanne" wéilt.

D'Rakéit hätt sollten um 18.30 Auer Lokalzäit am Süde vun Texas ofhiewen. Virdrun hat SpaceX nach matgedeelt, datt den ieweschten Niveau betankt géing ginn - wat dorop higedeit hat, datt de Start wéi geplangt wier. An och eng Stonn virum Start huet den Elon Musk nach selwer op X erkläert, datt "Starship 10 haut den Owend start". Eng 15 Minutte virum Rakéitestart hat SpaceX dunn awer den Ofbroch vum Testfluch bekannt ginn. Wéi SpaceX e Méindeg de Mëtteg matdeelt, kéint et e Méindegowend géint 1.30 Auer Lëtzebuerger Zäit dann e weidere Versuch ginn.

Déi 123 Meter héich Starship ass déi bis ewell gréisst a leeschtungskräftegst Weltraumrakéit iwwerhaapt. Mat hir suivéiert SpaceX d'Zil, eng Rakéit ze bauen, déi e puer Mol kann agesat ginn an doduerch och méi käschtegënschteg ass. Dem Elon Musk senge Pläng no soll d'Starship och nees Mënschen op de Mound bréngen a méiglecherweis souguer op de Mars.

Bei zwee Starts dëst Joer war kuerz nom Ofhiewen den ieweschten Niveau vun der Rakéit explodéiert - also deen Deel, deen als Raumschëff déngt an d'Besatzung an d'Fracht transportéiere soll. Bei engem Testfluch am Mee huet d'Rakéit et an de Weltall gepackt, ass awer iwwer den Indeschen Ozean explodéiert, nodeems si wéinst enger Fuite d'Kontroll verluer hat.

De 26. August ass iwwerdeem de Start vun enger Falcon-9-Rakéit vu SpaceX geplangt, bei deem deen éischten Observatiounssatellit vu Lëtzebuerg u Bord ass. De Launch ass fir 21.30 eiser Zäit geplangt. Op RTL.lu wäert Dir de Start live suivéiere kënnen.