Youtube féiert neie KI-Tool an

© AFP Archivbild
De Videoservice YouTube huet senge Content Produzenten eng Rei nei KI-Outilen zur Verfügung gestallt.
Mat Hëllef vu KI kënnen déi Persounen, déi op YouTube streamen oder hir Videoen héichlueden, elo zum Beispill mat enger eegener Foto an engem Video vun engem Hip-Hop-Dänzer e Film vu sech selwer beim Hip-Hop-Danzen erstellen. Dat geet aus der Presentatioun vun der Google-Duechtergesellschaft ervir. Et kënnen och elo KI-generéiert Géigestänn oder Wiesen an traditionell gefilmte Videoen agefüügt ginn.
D'KI-Outilen hu sougenannte Shorts als Zil, dat heescht virun allem kuerz Videoen. An deem Beräich steet YouTube a Konkurrenz mat TikTok an Instagram.
Ma och Podcasts stoungen op der YouTube-Lëscht bei der KI-Annonce. An Zukunft kënnen op Basis vun Audiodateie Videoen erstallt ginn, Podcasts kënnen deemno visualiséiert ginn. D'KI kann een donieft fir Iwwersetzungen an Ënnertitele vu Videoen notzen.
"KI-gestäipte Produite wäerten eis déi nächst 20 Joer prägen", sot de YouTube-Chef Neal Mohan en Dënschdeg op engem Event zu New York. Kënschtlech Intelligenz wäert d'Kreativitéit net ersetzen, si wier dofir do, "d'mënschlech Kreativitéit ze fërderen".
Déi nei Funktioune ginn et an enger éischter Phas fir d'User an den USA, Groussbritannien, Kanada, Australien an Neiséiland. Et soll och ganz geschwënn nach en Erkennungstool nokommen, fir e Verbreede vu sougenannten Deepfakes am Internet ze verhënneren. De Programm, deen nach an der Testphas ass, soll erkennen, ob e Video mat KI produzéiert gouf oder net.